
Bannent dräi Stonnen ass et um Mëttwochmoien zu 14 Accidenter komm, an déi am Ganzen 28 Gefierer verwéckelt waren. 16 Persoune goufe blesséiert. An deem Kontext stellt sech d’Fro, ob dës Accidenter hätte kéinte verhënnert ginn, wann eng Wiederwarnung erausgaange wier. Wéi et dozou vu Meteolux heescht, hätt dat kéinten de Fall sinn. Et wier awer ëmmer eng Diskussioun, ob een de System vun de Warnungen erweidert.
De staatleche Wiederdéngscht verweist an deem Kontext op dee sougenannte Warnparadox. Dëse beseet, dass wann eng Warnung zu effektive Precautiounsmesurë féiert a gréisser Suitten ausbleiwen, den Androck kann entstoen, dass d’Warnung onnéideg war.
Am Fall vun e Mëttwochmoie wier keng Warnung erausgaangen, well et weder geschneit huet, nach Äisreen gefall ass. Meteolux huet awer eng Erklärung dofir, dass d’Stroossen esou glat waren: An der Nuecht ass den Himmel op ville Plazen uechter d’Land kloer ginn, wärend am Nordweste vum Land, wou d’Temperaturen iwwer dem Gefréierpunkt bliwwe sinn, gläichzäiteg Niwwel opkomm ass. Iwwerdeems waren d’Stroosse wéinst dem Reen en Dënschdeg nach fiicht. No 3 Auer moies sinn d’Temperaturen dann ënner Null Grad gefall, wat dozou gefouert huet, dass d’Fiichtegkeet op de Stroosse gefruer ass.
Meteolux huet eng intern Analys vun de Wiederkonditiounen um Mëttwochmoie gemaach an ass zur Conclusioun komm, dass eng Erweiderung vum Warnsystem kéint néideg sinn. Dëse kéint an Zukunft och weider Stroossekonditiounen nieft Schnéi an Äisreen enthalen.