Fir méi Sécherheet am ëffentlechen Transport fuerdert den OGBL ënnert anerem sécher Kabinne fir d’Buschaufferen a kloer Krittäre fir dës Kabinnen, well bis elo wier een net zefridden, esou de Sveinn Graas.
“Jo, Kabinne sinn installéiert ginn, allerdéngs sinn nëmmen ëm déi véierzeg Prozent vun de Busser domadder ausgestatt am Privé, a mir mussen och dozou soen, dat stagnéiert elo scho säit zwee Joer. Dobäi kënnt, dass mir festgestallt hunn, dass net all d’Kabinnen nämmlecht sinn. Dat heescht, mir hu Kabinnen, do kann ee wuel einfach eragräife Richtung Chauffer, wou en net wierklech ofgetrennt ass vun de Passagéier. Dat heescht, do wier et ëmmer nach méiglech, de Chauffer z’aggresséieren.”
Ëmmer méi Aggressioune gi gemellt, et geet een awer vun enger Donkelziffer aus, well d’Personal géif a manner schlëmme Fäll encouragéiert ginn, näischt ze mellen, esou de Sveinn Graas. Dat wier eng méiglech Erklärung dofir, dass d’Zuel vun Aggressioune beim TICE, RGTR, an am Tram stabel bliwwen ass, respektiv liicht erofgaangen ass.
Statistike weisen, dass d’Zuel vun Aggressiounen an d’Luucht geet. 2023 goufe beim AVL am ganze 35 Aggressioune géint d’Personal gemellt, 2024 waren et der 73, an zejoert 163. Och bei den CFL sinn dës Chiffere geklommen: vun 192 am Joer 2023 op 216 op 280 zejoert. Gréisstendeels sinn et Fäll vu verbaler Aggressioun, deels si Fäll vu Belästegung dobäi.
Och bei der Aggressioun géint Passagéier sinn d’Zuele geklommen. Beim AVL am Joer 2023 ware se bei 21, d’Joer dono bei 63, an 2025 bei 104. Bei den CFL si se vun 375 op 443 op 486 geklommen.

Den Herlander Gotinho Neto Costa gouf 2023 op der Beetebuerger Gare um 14.00 Auer vun dräi Leit aggresséiert a geschloen. Hie war fir eng privat Busfirma am Asaz, a sollt deen Dag eng Zuchverbindung ersetzen, déi ausgefall war.
Him waren déi dräi Persoune wärend senger Paus negativ opgefall.
“Moi j’étais en train d’attendre ici [Bettembourg] pour faire la ligne direction Luxembourg. Je voyais, avec un autre collègue aussi, de notre entreprise aussi, on voyait des jeunes qui s’amusaient à casser des bouteilles de verre. Ils s’amusaient à provoquer les autres gens, même des passants. Après ils se sont dirigés vers nous.”
A wéi déi dräi Persoune wollten, dass hien hinnen de Bus opmécht an hinnen eng Zigarette gëtt, huet hien dat refuséiert.
“Ils ont commencé à provoquer. Au moment où...ils ont commencé à s’approcher de moi, je les ai poussés, qu’est-ce qui s’est passé? Après, j’ai senti un coup derrière la tête. Ils m’ont tapé par terre. Et là, ils m’ont tabassé, ils m’ont cassé les lunettes.”
Een Dag war hien am Spidol a krut dono Support vun engem Psycholog. No zwee Méint ass hien erëm schaffe gaangen.

Nieft Kabinne fir d’Buschauffere fuerdert den OGBL méi Sécherheetspersonal sur Place, wéi se deels schonn am Tram present sinn, an do noutfalls kënnen agräifen. Iwwerdeems misst e bessere Suivi vun deenen eenzelen Incidente gemaach ginn, well den Ament wier dat nach net de Fall.
Besser Infrastrukture kéinten och als Preventioun déngen: Vill Fäll vun Aggressioun géifen op Terminusse geschéien, wou d’Buschauffere baussen hir Paus musse maachen. Mat Zougang zu engem Raum banne kéinten esou Tëschefäll eventuell evitéiert ginn.