
D’Taxisfederatioun kritiséiert d’Taxisreform. Et stellt ee sech domat hannert d’Avisë vun der Chambre des Métiers an der Chambre des Salariés. Gefaart gi Sozialdumping, eng deloyal Konkurrenz an d’Fragiliséiere vun de existente Firmen. Bei der Transitioun op d’Elektromobilitéit géifen et keng Garantië fir Investissementer ginn. An et géing u Kloerheet feele bei der geplangter Liberaliséierung. Do gëtt sech Suerge gemaach iwwer Drock op d’Léin, iwwer eng prekär Situatioun fir d’Chaufferen an eng Bevirdeelegung vu grousse Gruppen. D’Taxisfederatioun verlaangt, datt d’Präisser encadréiert ginn, datt d’Lizenz “zéro émission” bäibehale gëtt an datt den Taximeter fir Taxien a Locatiounsautoe mat Chauffer obligatoresch bleiwen.