No laangem Hin an Hier ass et e Mëttwoch den Owend zu Esch zum ominéise Fräiworf fir Diddeleng komm, deen no der Decisioun vum CLAS huet missen nogeholl ginn. Kuerz no 20.30 Auer, wéi sech d’Mauer vum HB Esch an de Golkipp preparéiert haten, gouf de Ball, deen de Franky Hippert vum HBD geschoss huet, dann awer vun der Mauer geblockt, sou datt e laanscht de Gol gaangen ass. Domat bleift et beim urspréngleche Resultat an der 30:29-Victoire fir den HB Esch géint den HB Diddeleng.
Mat dësem Fräiworf geet ee méintelaange Sträit tëscht dem HB Esch an dem HB Diddeleng op en Enn, deen de 27. September 2025 um 4. Spilldag vun der AXA League ugefaangen hat. Ausléiser war ee Fräiworf, zu deem et no der Schlusssireen komm war. Dobäi hat den Escher Lou Fancelli aus der Nues geblutt a gouf doropshi vum Ben Goehler ersat. Nom Match war et dann zu engem Diddelenger Protest bei der Handballfederatioun komm, wat dee ganze Prozess an d’Rulle bruecht huet.