Dippech-GareSchäfferéit hu Ressort-Ministere gesinn, Kritik vu Biergerinitiativ

RTL Lëtzebuerg
De Projet vum Contournement fir Dippech-Gare ass trotz dem Retard, deen e wäert kréien, net a Fro gestallt.

E Méindeg huet sech de Schäfferot vun Dippech an dee vu Recken op der Mess mam François Bausch a Carole Dieschbourg getraff. Et huet ee sech drop gëeenegt, d’Prozedur elo esou séier wéi méiglech ofzeschléissen. Als nächst Etapp wäert de Mobilitéitsministère Etüde lancéieren, déi een nach virum Summer ofschléisse wëll.

Dono géing ee sech dann nach eemol treffen, éier een d’Resultater public mécht.

Et hofft een, dass een Enn des Joers da kann ufänke mat Schaffen.

D’Biergerinitiativ Gemeng Dippech kritiséiert iwwerdeems, dass et un Transparenz géing feelen.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun der Biergerinitiativ

Back to Top
CIM LOGO