E Méindeg fänkt den Autofestival offiziell un. Da wäert och erëm vill iwwert Elektromobilitéit geschwat ginn. Mee wéi gutt verkafe sech elektresch Autoen?

Dës Woch goufen déi éischt ëffentlech séier Supercharger-Bornen hei am Land ageweit, e weidert Puzzelstéck am Programm vun der Regierung, fir d'Elektromobilitéit hei am Land méi populär ze maachen. Pénktlech virum Autofestival kënnen déi gréng Ministere Bausch an Turmes nach emol hire Message placéieren: "Nëmmen en Elektroauto ass e gudden Auto."

Eng Politik, déi mat Primmen an d'Realitéit ëmgesat gëtt: 8.000 Euro fir en Elektroauto, 2.500 Euro fir e Plugin-Hybrid. Dës Subventiounen, déi Privatclienten nach bis Enn Mäerz kréien, maachen elektrifizéiert Autoen effektiv méi attraktiv: "D'Clientë kommen elo effektiv eran a froe spontan no engem Hybrid oder engem elektreschen Auto. Dat hate mir soss an der Zäit net esou, dat ass kloer", esou de Philippe Mersch, President vum Garagiste-Verband Fedamo.

Den Autosmarché ass a Beweegung. D'Diesel-Monokultur vu virun 10 Joer ass Geschicht. Och de Bensinner verléiert no engem klenge Revival erëm un Terrain. Déi elektrifizéiert Autoen hunn d'lescht Joer dogéint e grousse Sprong gemaach: 14% Hybrid a 5% Elektro. All fënneften Auto, deen d'lescht Joer immatrikuléiert gouf, war also méi oder manner elektrifizéiert.

Sinn dës Zuelen elo Ausdrock vun engem Mentalitéitswiessel? Kafen d'Lëtzebuerger elo aus Iwwerzeegung elektresch, oder lackelen nëmmen déi staatlech Primmen? De Mobilitéitsminister Bausch: "Et ass warscheinlech e bësse vu béidem. Et muss een éierlech soen, dass déi Primme schonn hir Wierkung hunn. Mä et huet awer och domat ze dinn, dass d'Bewosstsinn bei de Leit ufänkt, ganz staark ze klammen, an d'Virurteeler par rapport zu den Elektrogefierer baue sech ëmmer méi of."

Mä ass all Elektroauto wierklech nohalteg genuch, fir dass en eng Primm verdéngt huet? Zu Lëtzebuerg ginn och elektresch Luxus- a Spaassautoe staatlech subventionéiert. Den Ëmweltministère wéilt dee Schéinheetsfeeler wuel korrigéieren, sollten d'Primme verlängert ginn. Mä d'Garagisten halen dovunner net vill, esou de Philippe Mersch: "Wann d'Elektromobilitéit soll gepusht ginn, da weess ech net, ob et sënnvoll ass, do eng Trennung ze maachen tëschent staarken a manner staarke Motorisatiounen. Mir wëssen, dass et effektiv am Gespréich ass, no der Effizienz vun engem Elektroauto ze kucken. Dat ka Sënn maachen..."

D'Fro, wat en nohaltegen Auto ass, stellt sech Joer fir Joer, och fir de Camille Muller vum Ökozenter. Seng aktuell Lëscht besteet aus Autoen, déi ekologesche Mindeststandarden entspriechen. Dëst Joer hunn et nëmmen nach reng Elektroautoen op dës Lëscht gepackt. Et fält op, dass iwwerdriwwe schwéier oder performant Elektroautoen net zeréckbehale goufen. Gewiicht a Leeschtung war awer kee Selektiounskrittär. D'Gréisst vun der Batterie huet fir d'"Ekotopten" den Ausschlag ginn, e Krittär, deen een och fir staatlech Primme kéint zeréckbehalen: "D'Batterië sinn dat, wat Ressource frësst. Mir hunn nëmmen déi Autosbatterien drageholl, déi vëlleg duerginn. Dir hutt mëttlerweil Autonomie vun iwwert 500 Kilometer, et brauch een doudsécher net méi, fir am Alldag ze fueren", esou de Camille Muller.

D'Fro no der Nohaltegkeet vun engem Auto ass also e bësse méi komplex wéi déi plakeg Emissiounswäerter. An trotzdeem setze Politik an Industrie all hir Hoffnungen am Moment scho bal eesäiteg an den Elektroauto. Aner Usätz wéi Waasserstoff oder virun allem synthetesch Bensinner riskéieren do ze kuerz ze kommen.

Och d'Lëtzebuerger Politik fokusséiert sech ganz op den Elektroauto. Den Energieminister léisst awer de Reproche, dass hie sech vläicht ze vill fir dës Form vun individueller Mobilitéit engagéiert, net gëllen: "Mir maachen alles, fir dass ee keen Auto brauch. Mä d'Realitéit wäert sinn, dass awer vill Leit hei zu Lëtzebuerg och an Zukunft en Auto wëllen hunn, an da wëlle mir hinnen et awer esou einfach wéi méiglech maachen, fir och klimafrëndlech ze sinn."

De Message vum klimafrëndlechen Auto bleift hänken. Ronn d'Hallschent vun deene Clienten, déi sech dëse Festival en neien Auto kafe wëllen, géifen TNS Ilres no dobäi och Hybrid oder Elektro a Betruecht zéien.