30 Joer also huet de klenge Lazare schonn um Bockel, wéi d'Journaliste vun der AFP den Reportage iwwer hien a seng Besëtzerin gemaach hunn. Zu deem Zäitpunkt huet de Mupp aus dem Oste vu Frankräich als eelste liewegen Hond op der Welt gegollt.
Nodeem seng fréier Bezuchspersoun gestuerwen ass, koum de klenge Mupp, deem seng Zong ëmmer dobaussen hänkt, an d'Déierenasyl. Hei waren d'Betreier sech séier eens, datt dësen dach nach ganz aktive Senior en neit doheem brauch. An dofir hu si sech zesumme mat enger Déiereschutzorganisatioun op d'Sich gemaach.
Seng nei Besëtzerin Ophelie Boudol ass dann och nach méi Jonk wéi de Rekord-Mupp. Hir ass et egal, datt de Lazare et an d'Guinness-Buch ka paken, obwuel d'Ufro heivir gemaach ass. si wollt just engem klengen Hond en doheem a vill Léift bidden. A genau dat brauch de Lazare och, well de Mupp huet Arthrose, ass bal blann an huet keng Zänn méi.
Trotz senge Boboen a sengem Alter ass de Hond nach fit, soen d'Déierendokteren. Och wann de Mupp vill Rou brauch a vill schléift, ass hien awer aktiv. Well doheem ass kee sécher viru sengem Virwëtz, wéi d'Ophelie erzielt. De Lazare leeft der ganzer Famill duerch d'Haus no. Si all si sech awer bei eppes kloer: Et muss een d'Zäit mam Lazare genéissen, well déi kéint zu all Moment eriwwer sinn.
Um Alter vum Zwergspaniel gëtt et keng Zweiwel. Well esouwuel säin Chip wéi och seng Pabeiere confirméieren de Gebuertsdatum vum klenge Lazare. D'Rass huet u sech eng Liewenserwaardung vun 12 bis 15 Joer.
Leider huet d'AFP, déi de Reportage iwwer den eelste Mupp vun der Welt den 12. Mee gemaach an de 14. Mee owes publizéiert hunn, kuerz no der Publikatioun op hirem Site an och bei eis op RTL.lu déi traureg Nouvelle kritt, datt de klenge Lazare den 14. Mee 2026 gestuerwen ass. Duerch dës Entwécklung hu mir eisen Artikel och ugepasst.