Opgepasst - ArnaqueFake Message vu "Police", "Gouvernement" a "Lux Trust"

RTL Lëtzebuerg
Aktuell mécht eng Fake-Email d'Ronn, déi Leit warnt, datt hire LuxTrust-Accout gehackt gouf.
© Envato Symbolbild

D'Mail ass u sech esou opgebaut, datt se beim kuerzen Iwwerfléien echt wierkt.Esou kritt ee gesot, datt - an Fall vun der Mail, déi RTL virläit - eng Persoun a Portugal sech virun e puer Stonnen (de 15. Mee um 1:04 Auer) an dem Affer säi LuxTrust Mobile ageloggt huet. Et wieren awer keng Suen ofgaangen, mä d'Transaktioun wier am Prozess vun der "Verifikatioun".

Weider steet an der Mail, datt LuxTrust, wéi et vun den EU-Obligatioune virgesinn ass, d'Police informéiert huet an hei eng Enquête opgemaach gouf. Dorënner steet dann, datt ee d'Assistance vu LuxTrust soll uruffen. D'Nummer, déi an der Mail ugi gëtt, ass déi richteg Telefonsnummer vu LuxTrust. Ënnert dëser steet dann als Text, datt ee soll op d'Nummer klicken, fir se ze kontaktéieren. Wann een dat awer mécht, gëtt een un eng franséisch Nummer (mam Prefix 0033) weidergeleet.

© Screenshot

Weider ginn et an der Mail verschidden Erklärungen an et steet zum Schluss och nach drënner, datt an dësem Fall LuxTrust Mobile an d'Police Grand-Ducale eng offiziell Kollaboratioun hunn. Dorënner kann een dann eng weider Kéier déi offiziell LuxTrust-Telefonsnummer gesinn, ouni datt ee se dëst Kéier awer uklicke kann. Dofir ass awer eng E-Mail uginn, datt awer als @police-public.lu. Domadder wäicht se just liicht vun de Police-Mailadressen of, déi mat @police.public.lu respektiv mat @police.etat.lu ophalen.

E leschten Indice, mat deem een erausfanne kann, datt d'Mail e Fake ass, ass d'Adress selwer, vun där se verschéckt gouf, well dës weder vum Opbau vum Numm hier de staatleche Mailadresse ganz no kommen, nach den Domaine iwwer Lëtzebuerg leescht mä iwwer d'Belsch.

Back to Top
CIM LOGO