Nanzeger Visioune fir den Transport vu muer
"Urbanloop" ass e futuristeschen Transportsystem, deen am Moment zu Nanzeg entwéckelt gëtt.
200 Kilo, Plaz fir zwee Passagéier, ënnerwee op Schinnen, ouni Chauffer a komplett computergesteiert. Dat sinn d'Kapsele vum Nanzeger Urbanloop. D'Ingenieure sinn iwwerzeegt, dass hir kleng a liicht Vehikel perfekt geeegent sinn, fir vill Leit séier an nohalteg am urbane Raum ze transportéieren.
"Fréier, an Zäite vum Verbrennermotor, do war et sënnvoll fir grouss a schwéier Maschinnen ze bauen, fir vill Leit gläichzäiteg ze transportéieren. Haut, mam Elektromotor, do ass et méi sënnvoll, d’Leit op vill kleng Wagonen ze verdeelen. Dat ass méi ekologesch a méi ekonomesch wéi e grousse Bus, Tram oder Zuch”, esou de Grënner vun Urbanloop, de Jean-Philippe Mangeot. Mä Urbanloop huet net de klasseschen ëffentlechen Transport am Viséier, mä wëllt éischter dem Auto Konkurrenz maachen. De François Rousseau, den Direkter vun der École des Mines de Nancy, erkläert: "Fir eng Persoun mat engem Auto ze transportéieren, muss een eng Tonn Metall beweegen. Jiddereen huet een Auto, och wann den Auto de ganzen Dag iergendwou ronderëm steet. Eise System baséiert op Kapselen, déi nëmmen 200 Kilo weien, déi quasi déi selwecht Flexibilitéit wéi den Auto bidden, an déi spuersam sinn."
De System brauch effektiv wéineg Energie. Op engem Flugfeld gouf e Freideg de realistesche Betrib bei 50 Kilometer an der Stonn simuléiert. Dobäi gouf de Stroumverbrauch offiziell gemooss. Um Enn stoungen 0,05 Kilowatt-Stonnen pro Kilometer um Compteur. Domadder ass den Urbanloop dat spuersaamsten autonoomt schinnegebonnent Transportmëttel vun der Welt.
Dëse Weltrekord huet a Frankräich fir Schlagzeile gesuergt, esouguer den zoustännege Minister huet sech extra vun der Haaptstad an d'Provenz deplacéiert. 2024 sollen dëse Kapselen nämlech international bekannt ginn, Urbanloop soll bei den Olympesche Spiller zu Paräis verschidde Sitte matenee verbannen.