Chip-ManktemDëst Joer goufen an der EU nach manner Autoen nei zougelooss wéi 2020

RTL Lëtzebuerg
Vu Januar bis November hunn d'Hiersteller an Europa 0,04% manner Neiween verkaf wéi an deem selwechten Zäitraum zejoert.
© AFP-Archiv

Dat huet den europäesche Verband Acea e Freideg matgedeelt. Schold dru sollen d’Pandemie an d’Chip-Kris sinn. Am November ass d’Zuel vun Neizouloossungen an der EU de fënnefte Mount um Stéck zeréckgaange mat 713.346 Gefierer. Dat ass e Réckgang vun 20,5% am Verglach zu 2020 an déi niddregst Zuel zanter 1993. De stäerkste Réckgang gouf et iwwerdeems an Däitschland mat bal 32%. Och an Italien a Spuenien goufe vill manner Autoen nei zougelooss. E Plus gouf et am November a Bulgarien, Irland a Slowenien.

Wéi et vum EY-Expert Peter Fuß heescht, gëtt net mat enger Besserung um Marché vun den Neiween gerechent. D’Aussiichte vun den Autoshiersteller hätte sech “éischter verschlechtert wéi verbessert”. D’Omikron-Variant huet zu neien Onsécherheete gefouert an d’Chip-Kris hält nach ëmmer un. Op d’mannst bis Mëtt 2022 kéint de Mangel un “Halbleiter” an anere Produite zu gréissere Produktiounsausfäll féieren, sou de Peter Fuß.

Back to Top
CIM LOGO