D'InnoTrans zu Berlin ass souzesoen d'Fashion Week vun den Eisebunner. Hei hunn d'CFL dann hir neiste Maschinnen och presentéiert.

Wann ee sech een Zuch wëll kafen, da kann een net einfach Mol an ee Buttek goen oder online säi Gléck probéieren. Nee, esou eng grouss Maschinn gëtt op Moos gemaach, quasi Haute Couture, wann een esou wëll. Op der InnoTrans zu Berlin, esou ze soen der Fashion Week vun den Eisebunner, kann ee sech déi néideg Inspiratioun siche goen, well hei fënnt een alles, wat nëmmen iergendwéi mat Tram Bus a Bunn ze dinn huet.

An wann no jorelaangen Entscheedungen a plangen endlech deen neien Zuch do steet dann ass een houfreg an et wëll ee weisen, wat een huet. D'CFL hunn direkt zwee vun hiren Zich duerften hei gesinn, esou gutt wéi prett fir op d’Lëtzebuerger Strooss aus Eisen.

Op der InnoTrans 2022 gouf goufen déi nei Maschinne vum Typ 2400, déi d'CFL kaf huet, presentéiert

Déi éischt vun dëse Maschinne soll am Summer 2023 zu Lëtzebuerg fueren, dat emol op der Linn a Richtung Norden. Dono ass och virgesinn, déi nei Automotricen a Richtung Arel a Lonkech anzesetzen, schreiwen d'CFL an engem Communiqué.

Scho virun der Presentatioun op der InnoTrans goufen d'Maschinnen op verschiddenste Strecken an Europa getest, dat ënner anerem fir ze spieren, wéi sech d'Maschinnen ënner verschiddene Konditiounen ufillen, wéi bei Héchstgeschwindegkeet, beim Bremsen oder bei enger Noutbrems.

D'Maschinn mat der Nummer 2403 ass aktuell an der Belsch, fir d'Tester vun der Homologatioun um belsche Reseau ze maachen. Dono ginn déi selwecht Tester och am Grand-Duché duerchgefouert.

"Mat dësen neie Automotricen etabléieren d'CFL en neie Standard fir Passagéier zu Lëtzebuerg. Mam Kaf vun dëse neie Maschinne kënne mer och eis Offer u Sëtzplazen eropschrauwen, haaptsächlech zu de Spëtzenzäiten. Dëst ass e Krittär fir Confort a Qualitéit, deen eise Cliente wichteg ass", seet den Direkter vum CFL-Groupe Marc Wengler.