
Den Tunnel Grouft op der Nordstrooss kéint nees am August normal funktionéieren. Wann alles wéi geplangt geliwwert gëtt, kéinten d’Aarbechten am Juli ufänken, dat schreift d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Charles Weiler a Jeff Boonen.
Aktuell ginn et jo Problemer mat der Ventilatioun an d’Ersatzstécker loossen op sech waarden.
D’Restriktiounen am Tunnel Stafelter goufe jo schonn de 24. Mäerz opgehuewen. Elo gëllt nach am Tunnel Grouft preventiv Tempo 70 an et ass eng Spuer gespaart.
Wéi gesot, de leschten Informatiounen no, kéint am August nees alles normal op der Nordstrooss lafen.