
Vun de ronn 6.900 Kubikmeter Kerosin, déi Lëtzebuerg op sengem Territoire lagere kann, huet een aktuell am Schnëtt ronn 4.000 Kubikmeter op Lager. Dëst geet ënner normale Konditiounen duer, datt een ongeféier zwee Deeg Autonomie huet, erkläert d’Transportministesch Yuriko Backes an hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierten.
De Kerosin, deen an de Grand-Duché geliwwert gëtt, kënnt vu Fournisseuren aus der Belsch, Frankräich an Holland a gehéiert de Fluchgesellschaften, déi hei hir eege Kontrakter mat de Pëtrolsfirmen ofschléissen. De Kerosin kënnt iwwer d’Central Europe Pipeline op Lëtzebuerg.
All d’Fluchgesellschaften, déi vum Findel aus operéieren, krute vum Ministère eng Nott, datt si esou mann wéi méiglech Kerosin sollen hei am Land tanken. Luxfuel géif d’Situatioun awer observéieren a permanent analyséieren, fir am Fall wou kënnen ze decidéieren, dës Nott opzehiewen oder unzepassen. D’Nott, déi Enn Mäerz ausgestallt gouf, gëllt och fir dëse Mount. D’Ministesch betount och, datt et och fir de Fluchhafen en Noutfallplang gëtt, hei awer keng prioritär Attributioun vum Kerosin fir eenzel Fluchgesellschafte virgesinn ass.