Zanter ville Joren investéiert de Staat an déi douce Mobilitéit. Dofir ginn Zuchgaren ëm- an ausgebaut.

Zanter 2017 fiert en Tram nees duerch d'Haaptstad an op zentrale Plaze komme sougenannt "Pôle d'Echangen", wéi och um Houwald. Dem Staat feelt awer nach e Stéck Terrain, fir d'Aarbechten esou auszeféiere wéi geplangt.

Nieft enger Bus- an Zuchgare wäert och den Tram hei tëscht Bouneweg an der Cloche d'Or Passagéier hin an hier transportéieren. Allerdéngs hunn déi aktuell Aarbechten e klengen Hoken. Dem Staat feelen eng ronn 300 Meter Terrain. Hei wär ee mat engem Proprietär nach net am Kloren, wat aktuell dozou féiert, datt d'Busspuer net ka komplett gebaut ginn an den Tram just eegleiseg kéint fueren, seet de Mobilitéitsminister François Bausch.

Am Hierscht 2024 soll dëse neie "Pôle d'Echange" um Houwald operationell sinn. Enner anerem fir d'Frontalieren, déi aus Frankräich op Lëtzebuerg schaffe kommen, gëtt dësen eng wichteg Ulafplaz, well si vun hei aus schonn ëmklammen an a verschidden Direktioune kënnen op hir Schaff fueren.

Zanter Mëtt Dezember 2017 gëtt et den Arrêt Houwald schonn. Dëse gëtt en vue vum Pole d'Echange ausgebaut. Ënner anerem kënnt en zweete Quai dobäi. Ausserdeem ass eng "Y Bréck" iwwer d'Autobunn - d'A3 - am Gaang, gebaut ze ginn. Iwwer dës fiert spéider den Tram an ënner anerem kënnt och e Vëloswee drop. 130 Milliounen Euro kascht den neie Pôle d'Echange.