Der ëmstriddener Bréck fir Foussgänger a Cyclisten tëscht dem Cents an dem Weimeschhaff an der Stad steet wuel näischt méi am Wee.

De Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt deelt op de soziale Reseaue mat, dass d'Stad Lëtzebuerg d'Autorisatioun vum Ëmweltministère kritt hätt. All déi néideg Geneemegunge wären domat zesummen. Nach dëst Joer soll mat den Aarbechten ugefaange ginn, esou de Patrick Goldschmidt vun der DP.

Zanter der éischter Iddi vum Projet am Joer 2007 ass d'Vëlosbréck iwwert dem Neiduerf e kontrovers diskutéierte Sujet an der Stater Gemenge-Politik. Déi eng freeë sech iwwer déi geplangte Passerelle tëscht dem Cents an dem Weimeschhaff, déi aner si strikt dogéint. An och ëm Déierewuel gëtt sech gesuergt. Eréischt am Fréijoer d'lescht Joer waren 4 Uhuen e gudde Kilometer vun der Bréck ewech gebuer. Dës stinn ënner Naturschutz a kéinten duerch d'Bréck gestéiert ginn.

Och zirkuléiert elo eng Petitioun vum Syndicat d'Initiative Neiduerf géint de Projet.