Am Dräilännereck Lëtzebuerg-Frankräich-Belsch entsteet en neien Opfangparking, direkt nieft der Gare zu Rodange.

Zanter 2019 gëtt um Opfangparking gebaut. Ugangs sollt d'Parkhaus Mëtt 2022 opgoen, duerno gouf d'Ouverture op Enn lescht Joer verluecht. Elo soll dëse "Park&Rail" Enn Abrëll opgoen.

Op siwen Niveauen ass Plaz fir 1.600 Autoen. 200 Meter ass d'Parkhaus laang an ass domadder nom Belval dat Zweetgréisst am Land. De Käschtepunkt läit bei eppes iwwer 43 Milliounen Euro. Grousse Virdeel ass, datt d'Frontalieren direkt aus dem Auto an den Zuch klamme kënnen.

Sou Opfangparkinger sinn och hannert der Lëtzebuerger Grenz virgesinn: zu Diddenuewen an zu Sterpenech.

Grousse Succès huet och den Park&Ride op der Grenz a Richtung Däitschland, op der Tréierer Autobunn. Dëse Parking bei der Sortie Waasserbëlleg ass ëmmer gutt besat. Dobäi gouf dësen eréischt vergréissert. Elo gëtt gekuckt, ob dëse Parking eventuell kéint eng zweete Kéier vergréissert ginn. Ma och zu Waasserbëlleg op der Gare soll esou een Opfangparking entstoen.

Den Park&Ride op der Cloche d'Or soll iwwregens Enn dës Joers opgoen, wärend deen zu Miersch am Summer fäerdeg gëtt.