Nees technesch PannVerspéidungen am Zuchtrafic tëscht Beetebuerg an der Stad z'erwaarden

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'SNCF an d'CFL béid op hire Säite mellen, muss ee mat Verspéidunge rechnen, wann een aktuell mam Zuch iwwer Beetebuerg an d'Stad wëll fueren.
© CFL

Um Site vun der franséischer Bunn ass ze liesen, datt ee mat 15 bis 30 Minutte Verspéidung muss rechnen, wann een um Méindeg de Moie vu Metz aus an d'Stad wëll fueren. Grond dofir wier eng Pann un de Signalisatiounen zu Beetebuerg. De Problem wier um 6h55 detektéiert ginn an d'SNCF rechent domadder, datt d'Zich géint 9 Auer nees normal kënne lafen.

D'CFL hunn op hirem Site dësen Tëschefall net an hire Rubricken vun de Pannen opgelëscht. Wann een op där Plaz dono sicht, leeft de "Verkéier am ganze Reseau ouni Problemer". Eréischt wann ee sech d'Horaire vun den Zich ukuckt, gëtt ee gewuer, datt et eng technesch Pann a Verspéidunge gouf. D'CFL präziséieren hei awer, datt de Problem tëscht Beetebuerg a Bierchem entstanen ass a ginn och d'Info, datt den Zuch tëscht Nanzeg an der Stad vun de Moie 6:20 Auer komplett ausgefall ass. Si warnen dann och viru Verspéidungen op all de Linnen, déi iwwer Beetebuerg fueren, wat Lëtzebuerg - Metz a Lëtzebuerg - Esch - Rodange wieren.

Weider heescht et awer och, datt d'Ursaach vun der Stéierung behuewe wier, datt awer weider Verspéidungen an Ausfäll kéinten optrieden.

Back to Top
CIM LOGO