
Grond fir déi technesch Pann e Samschdeg am Zuchreseau op de Strecke "Lëtzebuerg-Diddenuewen-Metz" a "Lëtzebuerg–Esch-Rodange" war wuel eng méi staark Beusprochung vun der Stroum-Infrastruktur wéi normalerweis, heescht et op Nofro hi vun d'CFL.
Wéinst Aarbechten un enger elektrescher Zentral zu Bierchem wier de Stroum,anescht wéi soss vum Belval an d'Netz agespeist ginn. Dëst kéint dozou bäigedroen hunn, dass sech an der Géigend vu Beetebuerg een Haaptstroumkabel geléist hat.
Zu engem éischten Tëschefall war et jo géint 8 Auer e Samschdeg de Moie komm. Nodeems dës Pann gefléckt war, hat sech eng 50 Meter weider e Stroumkabel geléist. Um 22 Auer owes konnt den Zuchtrafic op deene betraffene Linnen nees opgeholl ginn.