D'Mark MG steet elo am Mëttelpunkt, dat mat engem rengen E-Auto an e Plug-in-Hybrid-Modell. Dat ass dann den neien MG 4 EV Urban an MG S9 PHEV. Allebéid goufe si elo kierzlech presentéiert, a wat sech do derhannert verstoppt, dat weess de Christian Schmit, well dee war mat dobäi.
Effektiv, an dat op enger schicker Location, guer net esou wäit vun eis ewech. Um Domaine Ronchinnes bei Namur, e Schlass an eng perfekt Kuliss, fir di nei Stare bei MG ze bewonneren.
MG gehéiert zum chineesesche SAIC Grupp a lancéiert een neie Modell nom aneren. Antëscht zielen zu der Gamme schonn 10 Stéck, därer mat Kabel an ouni.
MG dat ass eng europäesch DNA mam Knowhow an der Reaktivitéit aus China, esou war op der Pressekonferenz ze verlauschteren.

Zwee Modeller goufe virgestallt, fänke mir mam Urban un?
Jo wéi den Numm et scho seet, soll den MG 4 EV Urban éischter an der Stad an och an der Peripherie Gefale fannen. E soll d'Attraktivitéit fir E-Modeller virundreiwen. E steet op enger ganz nei entwéckelter Plattform, a mat senge 4m40 bitt e vill Plaz fir Passagéier, och an der zweeter Rei + Gepäck.

Zwou Batterie-Leeschtunge kënne gewielt ginn: 43 an 54 kW/h. Mécht 149, respektiv 160 PS. Domat ass een elo am Auto Quartett Spill net vir bäi, mee den Urban wëll jo bewosst d'Gamme no ënnen ofrënnen. Et wëll een en E-Auto fir 25.000 Euro proposéieren, a wann e weess, dass d'WLTP-Verbrauchsnorm hei ënner 16 kW/h läit, da ginn et bei eis jo och nach 6.000 Euro vum Staat. Bei moderater Fuerweis klappt dat esouguer mat de 16 kW/h, mir sinn awer och quasi net op der Autobunn gefuer.

Bannena wierkt den MG 4 EV Urban op mech awer éischter einfach. Et feelt un der Léift zum Detail. Méi Luxus an Ekipement gëtt et an der Premium Versioun fir 33.000 Euro. Domat wär een awer nach ëmmer par rapport zu der Konkurrenz gutt situéiert.

Vum klengen E Auto dann an e groussen SUV
Genee an dat ass tatsächlech eng Première bei MG. Den S9 PHEV, als Plug-in-Hybrid ass deen éischte 7-Sëtzer-Modell.

Optesch eng gefälleg Designlinn. Den Interieur presentéiert sech och ganz héichwäerteg a mat vill Luxus. Hei gëtt et Plaz sat op nobäi 5 Meter. An och an der drëtter Rei passt dat nach fir kleng Borschten. Wann all Sëtzer ëmgeluecht ginn, da kanns du dech mellen, fir hëllefen ze plënneren, bei ëmmerhin 2.100 Liter Volume.


Ënnert dem Capot e 1500er mat 231 PS + E-Power vun 142 PS. An nawell wierkt de Moteur ugestrengt bei Acceleratioun a géie Penten, an den Dezibel Peegel deemno och. Mat der bal 25kW/h Batterie sollen 100 km reng elektresch dra sinn.
Luusse mir nach op d'Präislescht, an do kann een e gutt Präis-Leeschtungsverhältnes festhalen. An der Premium-Versioun mat quasi 0 Optiounen fir 44.000 Euro.

MG huet dann elo mat E-Autoen an Hybrid-Versioune seng Gamme komplettéiert, an d'Verkafszuele weisen no uewen. "In Europe for Europe" dat ass elo d'Devise, mat Entwécklung an Design Hub zu Frankfurt a London.
Op dëser Plaz soll dann och ernimmt ginn dass hiren MG 4 och elo e Facelift krut, a mir mir och en MG Mild Hybrid Modell zur Dispositioun hate fir dës Rees.
INTERNET: MG Motor