Wéinst enger Fielswand op der Héicht vu Bierden, déi duerch de ville Reen déi lescht Deeg onstabil gouf, ass den Zuchtrafic op deene Strecke gespaart.

Eng spezialiséiert Entreprise wier aktuell op der Plaz a géif e Plang fir déi néideg Aarbechten opstellen.

D'Zich ginn iwwerdeems duerch Busser ersat an d'Gemeng Ettelbréck stellt CFL-Clientë vun en Donneschdeg* un 350 Parkplazen am Parking Däich gratis zur Verfügung.

RTL

© Domingos Oliveira

Weider Informatioune sollen en Donneschdeg kommunizéiert ginn.

En Dënschdeg de Moien haten d'CFL gemellt, dass et en technesche Problem un den Infrastrukturen zu Méchela ginn hätt, wouduerch den Zuchtrafic aktuell ënnerbrach war.

Aktuell sinn Ersatzbusser am Asaz, fir d'Verbindungen z'assuréieren. Et kann zu Retarde kommen. D'CFL weisen och drop hin, dass d'Passagéier och op déi normal Linnebusser zeréckgräife kënnen.

RTL

En Iwwerbléck vun der aktueller Situatioun op eise Schinnen. / © RTL Grafik

*An hirem Communiqué haten d'CFL ugangs matgedeelt, datt de Parking Däich vun e Mëttwoch u gratis zur Verfügung gestallt géing ginn, an engem Rectificatif huet d'Bunn du matgedeelt, datt et eréischt vun en Donneschdeg, dem 16. Mäerz, un ass.