Nodeems en Dënschdeg de Moien d'Autofär mat engem Cargoschëff kollidéiert ass, fiert virop keng Fär tëscht Oberbillig a Waasserbëlleg.

D'Waasserschutzpolice vun Tréier huet en Dënschdeg matgedeelt, datt no der Kollisioun tëscht den zwee Schëffer, d'Fär bis op Weideres net tëscht Oberbilig a Waasserbëlleg fiert.

De Materialschued un der Fär an um Cargoschëff soll sech Schätzunge vun der Waasserschutzpolice no op ronn 10.000 Euro belafen. D'Fär misst deemno fir d'éischt reparéiert ginn.

D'Ermëttlungen zu der Ursaach vum Accident lafen.

Déi vollelektresch Fär "Sankta Maria II" tëscht de Gemengen Oberbilig a Waasserbëlleg gouf Enn 2017 a Betrib geholl a gëtt vun de Beruffspendler, Schüler an Touriste genotzt.