Et feelt an alle Secteuren u Personal. An dat net nëmmen zu Lëtzebuerg. D‘Länner streide sech ëm jonk Talenter. Och Lëtzebuerg brauch eng ambitiéis Strategie, fir Leit mat héijem Potenzial unzezéien, respektiv hei ze halen, betount d‘Chambre de Commerce. En Aarbechtsgrupp huet 34 Recommandatiounen ausgeschafft.
Mat engem Median-Alter vun 39,7 Joer huet Lëtzebuerg eng vergläichsweis jonk Populatioun. Ma mat manner Gebuerten a Leit déi méi al ginn, wäert dat séier änneren. Den Drock op Pensiouns-, a Gesondheetssystem awer och op d‘Wirtschaft klëmmt. Fir Croissance ze hunn, brauch et 2040 645.000 Leit déi schaffen, hat d‘IGSS virgerechent. Den Direkter vun der Chambre de Commerce, Carlo Thelen.
“Dat géing bedeiten 335.000 nei Recrutementer, déi néideg wären. Dat ass eng Hausse vun 68 Prozent par rapport zu den aktive Salariéen haut. Déi Zuele si massiv a gewalteg.”
155.000 nei Posten an 180.000 Departen an d‘Pensioun, déi missten ersat ginn. An am Ausland schléift d‘Konkurrenz net. Ob d‘Schwäiz, Irland oder Holland: Vill Länner hunn aggressiv Strategien, fir jonk Talenter unzezéien. D‘Presidentin vum Aarbechtsgrupp “Talenter”, d’Karin Scholtes, muss zouginn:
“Mir si wierklech der Meenung, dass dat extrem ambitiéis wär an eigentlech onméiglech ass, fir sou vill Talenter vu baussen unzéien ze goen. Dofir ass et esou wichteg, dass mir eis Produktivitéit steigeren. Dat ass zanter 15 Joer net méi de Fall. Mir mussen Digitalisatioun an Kënschtlech Intelligenz anescht notzen, fir eben deen Drock erofzekréien. Mir mussen dat an den Entreprisen ëmsetzen.”
Trotzdeem muss een de jonken Talenter Loscht op Lëtzebuerg maachen, seet d‘Karin Scholtes. D‘Logementskris ass déi gréisste Brems.
“Eis Salairë sinn nach interessant. Mä de Präis vum Loyer dréckt natierlech och op de Portmonni vun engem, deen heihi schaffe kënnt. Dat reduzéiert d‘Attraktivitéit vum Land.”
Den Appell un d‘Regierung: bauen, bauen, bauen. Zu de 34 Recommandatioune vum Aarbechtsgrupp gehéieren eng verbessert Orientéierung an der Schoul a Weiderbildung, Lëtzebuerger aus dem Ausland nees zeréckbréngen, an awer och e Guichet unique, d’Karin Scholtes.
“Zil ass et, de Leit, déi interesséiert sinn op Lëtzebuerg ze kommen, d‘Land ze weisen. Si sollen och bei hiren administrativen Demarchë gehollef kréien. Virun allem sollen awer och déi méi kleng Employeuren eng Plattform kréien, wou si all déi Informatiounen fannen, fir Talenter aus dem Ausland ze beschäftegen.”
De Guichet unique soll am Januar d‘nächst Joer am Detail presentéiert ginn. Grad ewéi e Programm fir Partner vu jonken Talenter, déi op Lëtzebuerg plënneren. D‘Chambre de Commerce proposéiert och e richtege Paradigmewiessel bei eisen Amtssproochen, d’Karin Scholtes.
“Mir musse jo och e bësse provokativ sinn an eise Recommandatiounen. Mee mir mierken effektiv, dass Englesch an der Welt vun den Entreprisen ëmmer méi geschwat gëtt. Et ass de gemeinsamen Nenner vu villen internationalen Talenter. An iwwerdeems schwätzen och déi Jonk ënnerteneen ëmmer méi Englesch.”
Deemno sollt Englesch eng offiziell Amtssprooch ginn, fënnt den Aarbechtsgrupp vun der Chambre de Commerce.
Link: