Nach keen Datum fir Schiebourg, Bierden 8. Mee nees op
Zanter den Tunnel Schiebourg mat Steng verstoppt gouf a rezent bei Bierden eng Fielswand un d'Rutsche koum, ass den Norde vum Land méi ofgeschnidden.
Virun engem Mount hat d'CFL op eng Pressekonferenz invitéiert, fir de Progrès vun den Aarbechten z'erklären, ouni allerdéngs ze soen, wéini den Tunnel nees op geet. En Donneschdeg konnt d'Press sech op der Plaz e Bild vun den Aarbechte maachen, e konkreten Datum gëtt et weiderhin net.
D'Stabilisatioun vun de 400 Kubikmeter Gestengs, déi am September wéinst bei Maintenanceaarbechten an den Tunnel gerutscht waren, wier méi komplizéiert wéi ufanks gemengt, rieds goung vun enger "onendlecher Sandauer".
Deemools hat een d'Voûte (Gewölbe/Verwëllef) opgemaach, wéinst der Dréchent wier dunn duerch dat Lach Gestengs vun uewendriwwer an den Tunnel gerutscht. Dat géing een am Moment stabiliséieren, grad wéi och d'Fielsmass am Tunnel. Déi Aarbechte géifen nach dräi bis véier Wochen daueren. Duerno kéint dann d'Gestengs am Tunnel lues a lues ofgedroe ginn.

Dat heescht awer net, dass den Tunnel an dräi bis véier Wochen erëm opgeet. Et géing een d'Roserei bei de Leit verstoe, mee d'Sécherheet wier ebe méi wichteg wéi Tempo.
D'Verankerunge ginn vun uewen eng 180 Meter duerch de Bierg gemaach, dat géing lo besser klappe wéi um Ufank an dofir wéilt een nächste Mount en Datum kommunizéieren.
Eng gutt Nouvelle gëtt et dann awer: Vum 8. Mee un wier de Chantier bei Bierden fäerdeg, wou eng Fielswand op d'Schinne gerutscht war. D'Zich op Wolz géife vun do u rëm fueren.