Och dëst Joer mussen d'Leit, déi am Norde vum Land liewen, nees op de Bus oder de Privatauto zeréckgräifen, wa si an d'Stad oder op d'Fouer wëllen.

Op der Nordstreck ass am Summer mat weidere Retarden ze rechnen: tëscht dem 19. August an dem 10. September gëtt nämlech wärend dräi Wochen op der Streck tëscht Ettelbréck a Gouvy geschafft, sou datt keng Zich tëscht Ettelbréck an Ëlwen fueren, mä wärend der Schueberfouerzäit, déi tëscht dem 23. August an 11. September ass, muss op Bussen zeréckgegraff ginn.

Dat confirméiert de grénge Mobilitéitsminister François Bausch dem DP-Nord-Deputéierten André Bauler op Basis vun enger parlamentarescher Fro.

Wéi et heescht, wier dee Chantier ewell zwee Joer laang geplangt a misst wéinst der grousser Envergure am Summer sinn, wann et manner CFL-Clientë ginn.

Ënner anerem ginn d'Gleiser tëscht Draufelt a Wëlwerwolz erneiert, et ginn Schlaken ausgetosch a preventiv ginn och Fielsmaueren nieft de Gleiser ofgeséchert.