
De Racing Lëtzebuerg setzt sech an engem wichtege Match mat 92:82 géint d’Musel Pikes duerch an huet elo an der Tabell zwee Punkte Virsprong op de Géigner. Mat 41 Punkten, 10 Rebounds an 10 Steals ass dem Antunio Bivins vum Racing e speziellen “triple double” gelongen.
Den T71 Diddeleng wënnt mat 101:92 géint d’Résidence Walfer, béid Ekippe ware virum Match punktgläich. 26 Punkte goungen op de Kont vum Joe Kalmes, hie gouf ënnerstëtzt vum Jimmie Lee Taylor mat 25 Punkten.
De Co-Leader Sparta Bartreng huet ëmmer nach ouni de Profispiller Jarvis Williams missen untrieden, konnt sech awer mat 78:65 géint den Tabelleleschten AB Conter duerchsetzen. De Victor Iwuakor konnt mat 34 Punkten bei der Lokalekipp iwwerzeegen.
D’Arantia Fiels setzt sech mat 118:101 géint d’Kordall Steelers duerch, dat an engem Match mat ville Punkten a spektakulären Aktiounen. Mam Kevon Godwin (35 Punkten), Michael Anthony Carter (26) an Edson De Sousa (23) hunn dräi Fielser Spiller méi wei 20 Punkte geworf.
D’Amicale Steesel wënnt den zweete Match ënnerhalb vu 4 Deeg, dat mat enger 76:61 Victoire géint Mambra Mamer. Mat 22 Punkten huet den Nationalspiller Alex Laurent am beschte getraff fir d’Lokalekipp. D’Gäscht hunn nëmmen 1 vu 17 Dräier getraff a konnten doduerch net mathalen.
Bei den Damme setzt sech d’Sparta Bartreng auswäerts mat 86:73 géint d’Amicale Steesel duerch. D’Lokalekipp hat sech 6 Minutte viru Schluss nach emol op 6 Punkten erugekämpft, Bartreng huet sech allerdéngs net méi aus der Rou brénge gelooss. D’Nicole Torresani huet mat 27 Punkten eng weider staark Leeschtung gewisen. E Comeback gouf et bei de Gäscht nach dobäi, d’Bridget Yoerger stoung fir déi éischte Kéier des Saison um Terrain. Zwou Wochen virun der Coupefinall ass déi fréier Profispillerin domat zeréck am Kader.
Den AB Conter wënnt auswäerts mat 79:70 géint d’Musel Pikes. Dobäi huet d’Nationalspillerin Esmeralda Skrijelj e weideren “Triple double” fäerdeg bruecht, dat mat 10 Punkten, 11 Rebounds an 13 Assists.