Eng ronn 2.200 Avertissement taxéë gouf et dëst Joer scho, well Leit sech wärend dem Autofuere vum Handy oflenke gelooss hunn. An Holland hu se op ville Plaze schonn där sougenannten Handy-Blëtzer installéiert, och zu Tréier goufen déi scho getest.Ma wéi gesäit et domat zu Lëtzebuerg aus? A wat ass soss nach geplangt, fir der Oflenkung um Steier en Enn ze setzen? Dat gitt Dir an dësem Reportage gewuer.
Aktuell verléiert een 2 Punkten an et muss een 145 Euro bezuelen, wann ee mam Handy um Steier erwëscht gëtt. Dat wäert awer geschwënn änneren. Et rechent een domat, datt am Hierscht den Avertissement taxé op 250 Euro a 4 Punkten eropgesat gëtt. Den neien Text läit aktuell fir eng zweete Kéiert beim Staatsrot. Bis dohinner ass et och net verbueden, den Handy virun enger rouder Luucht ze benotzen, well et mécht ee sech bis dato just strofbar, wann d’Gefier a Beweegung ass, den neien, méi strengen Text, wäert och dat ausschléissen.
4.000 Infraktiounen am Kader vun der Handynotzung ginn an der Moyenne d’Joer konstatéiert. Dofir ass der Police och d’Sensibiliséierungsaarbecht immens wichteg. D’Police hat dofir am Juni e Projet mam Lycée Josy Barthel vu Mamer presentéiert. Jonker hunn nei Visueller fir d’Verkéierssécherheetscampagne iwwert d’Oflenkung um Steier entworf. D’Schüler an d’Schülerinnen hunn an dem Kader Videoen a Plakater realiséiert.
Mat Hëllef vu Kontrolle wëll een Automobilisten op frëscher Dot erwëschen. Ma an Zukunft kéinten och där sougenannte MonoCamen an den Asaz kommen. Dat si Radaren, fir Automobiliste mam Handy um Steier ze detektéieren. Zu Tréier an zu Mainz huet ee se scho getest an 2024 gi se Realitéit.
D’MonoCam hätt sech zu Tréier positiv op d’Oflenkungsverstéiss ausgewierkt. An och zu Lëtzebuerg gëtt driwwer nogeduecht. D’nächst Woch wäert eng lëtzebuergesch Delegatioun sech déi Radaren an Holland ukucke goen. D’Gesetzeslag misst dann awer geännert ginn, mee et wier e Wee, deen ee misst goen.
Wat denken d’Leit dobaussen?
Am RTL-Wecker um Radio hu mir en Donneschdeg de Moien d’Leit dobausse gefrot, wat si vun den neie Strofen denken. 78 Prozent fannen et gutt, datt et méi deier soll ginn, wann ee mam Handy um Steier erwëscht gëtt.