Betraff ass vun der A1 iwwert d’Stater Collectrice bis hin op d’Nordstrooss an de Süden erof de kompletten Autobunnsreseau. De ville Camionstrafic op eisen Autobunne féiert awer och derzou, dass mol méi, mol manner grouss Lächer an de Stroossen optrieden. Ausserdeem sinn d’Lëtzebuerger Autobunnen net méi déi jéngsten.
An der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg huet d’Stroossebauverwaltung eng 23 Lächer tëscht dem Sennenger- an dem Kierchbierg gefléckt. Op enger Längt vun 3 Meter a 5 Zentimeter déif gouf gefrääst.
Op iwwer 50 verschiddene Plaze goufen d’Lächer mëttlerweil gefléckt. Et bleiwen der awer nach eng Partie ze maachen.
Am Pisa - dem Wëssensmagazin huet den Olivier Catani de Sujet vun den “iwwerbelaaschte Stroossen a genervten Automobilisten” opgegraff.
Ëmmer just rout, oder? Mir erkläre wéi d’Verkéiersluuchte geschalt ginn. An et mat der Grénger Well net esou einfach ass. Mir klammen an d’Kanalisatioun vun den Autobunne erof. Fir erauszefannen wou d’Waasser hileeft wann et reent. A kucken op se an de wäisse Strécher laanscht d’Fuerbunn wierklech Glaspäerele verschaffen. De Mister Science erkläert firwat net all Strooss dee selwechte Belag huet a weist mat engem Experimenter wéi déi sougenannten nids de poule entstinn.