De séieren Tram zu Lëtzebuerg gëtt Realitéit

© Archivbild
Lëtzebuerg kritt ee séieren Tram. De Mobilitéitsminister François Bausch huet de Projet um Mëttwoch op enger Pressekonferenz presentéiert.
Zanter 2017 fiert den Tram an der Stad a wäert an deenen nächste Jore weider ausgebaut ginn. Ma wann et dem Mobilitéitsminister François Bausch no geet, soll et net bei deem engen Tram bleiwen.
Iwwer 900 Milliounen Euro sollen den Tram an déi néideg Infrastrukture kaschten. Deen 18,7 Kilometer laangen Tracé féiert vun der Cloche d'Or iwwert Leideleng, Féiz an d'Metzeschmelz bis bei d'Suessemer Gemengenhaus zu Bieles. Tëscht 12 a 15 Arrête si geplangt, déi genee Zuel ass nach net definitiv gekläert. Deen éischten, 2,8 Kilometer laangen, Deel tëscht der Stad a Leideleng soll 2028 opgoen an dee ganze Chantier 2035 fäerdeg sinn. Dem Mobilitéitsminister François Bausch no ass de Projet batter néideg, fir d'Situatioun op der A4 an der Collectrice ze verbesseren.
"An der Spëtzestonn hutt der natierlech sou een Trafic, datt den Autostrafic eigentlech quasiment kollabéiert. Zum Beispill vun der Collectrice iwwer Raemerich bis op Leideleng. Een, dee moies do fiert tëschent hallwer 8 a 9, dee weess dat, et ass katastrophal, dee klengsten Accident geet duer, da geet iwwerhaapt näischt méi."
Well d'Zuel vun deene Leit, déi tëscht dem Süden an der Stad pendelen, an Zukunft staark klammen dierft, misst een derfir suergen, datt méi Leit op den ëffentlechen Transport ëmklammen. Ma et ginn awer net nëmmen Tramsschinne geluecht. Am Mobilitéitsministere schwätzt ee vun engem Couloir multimodal, deen Deel vum nationale Mobilitéitsplang 2035 ass, an nieft dem séieren Tram och een Express-Vëloswee och d'Autobunn ëmfaasst. Deemno sinn och op der Strooss eng Partie Ännerunge virgesinn, wéi den Direkter vu Ponts et chaussées, Roland Fox, erkläert.
"Mir hunn d'Autobunn, déi natierlech hiren Deel do wäert spillen, notamment fir den Trafic opzehuelen, dee se haut net packt. An awer och fir nei Modussen ze fërderen, wou ee Korridor wäert kommen, fir de Co-voiturage an och Bussen, sou wäit wéi d'Busdéserte dann iwwert d'Autobunn geet."
All d'Aarbechten zesummegeholl, wäert de Projet mat bal 3 Milliarden Euro zu Buch schloen.
Wat dee séieren Tram ugeet, sou wäert dëse sech iwwregens optesch net groussaarteg vun deem an der Stad ënnerscheeden. E gëtt mat 56 Meter allerdéngs 11 Meter méi laang an huet mat 150 Sëtzplazen der duebel sou vill wéi déi Stater Versioun.
Hei dat offiziellt Schreiwes:
Présentation de la chronologie du futur couloir multimodal et du tram rapide circulant entre la Cloche d'Or et Belval (13.09.2023)
Communiqué par : ministère de la Mobilité et des Travaux publicsLe couloir multimodal et le tram rapide deviennent réalité. Cet ensemble de projets prestigieux d'environ 3 milliards d'euros entre les deux grands pôles économiques du pays, la région Sud et la ville de Luxembourg, donnera au pays les conditions de base nécessaires à son développement économique et social. Le tram rapide reliera Belval, les quartiers nord d'Esch-sur-Alzette et le nouveau quartier Metzeschmelz, à Luxembourg-ville et l'aéroport.
En date du 13 septembre 2023, le Vice-Premier ministre, ministre de la Mobilité et des Travaux publics, François Bausch a présenté aux six bourgmestres des communes de Sanem, Esch-sur-Alzette, Mondercange, Schifflange, Leudelange et de la Ville de Luxembourg la chronologie de cet ensemble de projets imposant.
Le tram rapide est prévu de circuler à partir de 2028 entre la Cloche d'Or et Leudelange, à partir de 2030 jusqu'à Foetz, en 2032 vers Metzeschmelz à Esch-sur-Alzette, et en 2035 jusqu'à Belval.
La région Sud ainsi que le sud-ouest de la ville de Luxembourg sont en plein essor. Les échanges humains entre Luxembourg-ville et la région Sud vont se multiplier et ceci dans les deux directions. L'objectif est de rapprocher ces deux pôles majeurs par un tram rapide et un corridor multimodal.
Le projet comprend:
• 13 nouvelles stations de tram; 17,5 km de tracé dont 10 km entre les arrêts Leudelange et Foetz à vitesse > 70km/h ;
• 5 nouveaux pôles d'échanges ;
• 1 nouveau passage à gibier ;
• 20 projets routiers connexes: optimisation des autoroutes, troisième voie pour covoiturage et bus sur l'autoroute A4, adaptations des échangeurs autoroutiers, apaisement de rues dans les localités adjacentes, piste cyclable express, itinéraires cyclables connectant les localités à la piste cyclable express.
Ainsi, le nouveau corridor multimodal et le tram rapide répondent à la congestion chronique de l'autoroute A4 et permettent également aux communes concernées de réorganiser la mobilité entière au sein de leurs territoires.
«Un tel projet multimodal phare nécessitera une étroite concertation entre les communes concernées. Cette première pierre a été posée aujourd'hui par la création d'un comité politique par les communes concernées et le ministère de la Mobilité et des Travaux publics afin de pouvoir réaliser le projet dans les meilleurs délais et finalement de mettre en place un cadre politiquement stable», a déclaré François Bausch.
En marge de la conférence de presse, le coup d'envoi d'une exposition photographique a également été donné. À Belval, une série d'une trentaine de photos prises par le photographe Philippe Gasser sera exposée sur la terrasse des hauts fourneaux, ainsi que dans le centre commercial Belval Plaza, montrant le futur tracé du tram rapide et du couloir multimodal à l'heure actuelle du point de vue du paysage et de ses usagers quotidiens.