
Am Kader vum Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch huet d’Regierung nei zweesproocheg Begréissungsschëlder virgestallt, déi vun dësem Donneschdeg un op den Autobunnen no bei de Grenzen ze gesi sinn. D’Schëlder, eng Initiativ vum Kulturministère an der Stroossebauverwaltung, begréissen d’Leit op Lëtzebuergesch an an der Sprooch vum jeeweilege Grenzland, respektiv soe si de Leit Äddi.
“Wa mir op der Grenz an op der Gare Touristen, Frontalieren an international Gäscht an eiser Sprooch mat engem häerzleche ‘Wëllkomm’ empfänken, ënnersträiche mir gläichzäiteg eis Identitéit an eis Offenheet fir d’Welt. An engem Land, wou esou vill Sprooche sech alldeeglech begéinen, bleift d’Lëtzebuergescht eng Bréck an enger lieweger, multikultureller an toleranter Gesellschaft, wou jidderee soll seng Plaz hunn a sech wéi doheem fillen”, huet d’Ministesch Yuriko Backes betount.
Am Moment ginn aacht Schëlder op den Autobunnen A6, A3, A13 an A1 opgestallt, spéider kommen och Nationalstroossen derbäi. D’Ministeren Eric Thill an Yuriko Backes hu bei der Presentatioun betount, datt dës Mesure d’Visibilitéit vum Lëtzebuergeschen am ëffentleche Raum stäerkt an d’kulturell Identitéit vum Land ënnersträicht, gläichzäiteg awer och Offenheet a Multilinguismus vermëttelt.
D’Schëlder droen d’Signatur vun der „LuXembourg – Let’s Make It Happen“-Initiativ a wäerte vun dësem Donneschdeg am Nomëtteg un op de jeeweilegen Autobunnen ze gesi sinn.