"Wechselverkehrsführung": E Wonner-Rezept géint Stau?
Zënter Juli gëtt d'Autobunn tëschent Waasserbëlleg an Tréier opwänneg sanéiert. D'Frontalieren hate mat vill Stau gerechent, mä dee blouf bis ewell aus.
Déi nächst 6 Joer all Dag am Stau stoen... Dat war déi grouss Angscht vu ville Frontalieren aus der Tréierer Géigend. Well d'Autobunn A64 an engem zimmlech schlechten Zoustand ass, ass et mat engem neie Belag net gedoen. Déi knapp 20 Kilometer mussen elo opwänneg sanéiert ginn. De Chantier, dee bis minimum 2029 - also 6 Joer - dauere soll, huet am Juli ugefaangen. An de grousse Stau? Deen ass bis elo ausbliwwen, obwuel eng Spuer gespaart ass. Méiglech gëtt dat duerch een ëmständlecht awer effikasst Verkéierskonzept. Et ass den neien Alldag op der däitscher Säit vun der Tréierer Autobunn. Zweemol am Dag kommen Aarbechter a réckelen d'Ofspärungen. Eemol moies no der Rushhour Richtung Grand-Duché, an eemol an der Nuecht, wann d'Frontalieren erëm doheem am Feierowend sinn.
Well d'Autobunn tëschent Tréier a Waasserbëlleg an den 80er-Joren no de Standarde vun deemools gebaut gouf, fält se relativ schmuel aus. Esou schmuel, dass bei engem Chantier nëmme Plaz fir dräi Spuere bleift. Vun Ufank u war kloer, dass bei dësem Chantier eng sougenannte "Wechselverkehrsführung" installéiert soll ginn. Dat heescht, dass et moies zwou Spueren an déi eng, an owes zwou Spueren an déi aner Richtung gëtt. Dat ass relativ opwänneg, schéint awer iwwerraschend gutt ze funktionéieren, esou de Chef vun der Autobahnmeisterei Schweich, de Walter Druckenmüller: "Wir haben eine gute Zwischenbilanz. Der Verkehr läuft wesentlich besser als vorher erwartet. Wir sind jetzt vier Wochen in der Verkehrsführung drin, und es läuft wirklich hervorragend!"
Wann d'Rushhour eriwwer ass, gëtt déi mëttelst Spuer fir d'éischt komplett gespaart. Déi digital Pannoen ginn ëmgeschalt, da ginn d'Ofspärunge geréckelt. Fir d'éischt op der enger Säit vum Chantier, dann op der anerer Säit. Wann alles en place ass, gëtt déi mëttelst Spuer erëm fir den Trafic opgemaach. Mat e bëssen Übung géifen si deen Ëmbau an dräivéierel Stonn hikréien, esou d'Aarbechter.
Ee Joer laang gouf un dësem Konzept geplangt. Eleng dës Verkéiersféierung léisst sech déi däitsch Autobunnsgesellschaft 5,5 Milliounen Euro kaschten. Vill Suen, mä den Trafic rullt. Esoulaang am Chantier keen Accident geschitt: "Das wäre natürlich ein ‘worst case’, der passieren könnte. Und wenn wir ehrlich sind, irgendwann passiert so etwas in der Baustelle. Wir haben die Baustellenzufahrten so hergerichtet, dass Rettungsteams jederzeit rein können, und die Verkehrssicherungsfirma steht auch Gewehr bei Fuß, um die Spuren so zu sperren, dass wir sie möglichst schnell wieder frei bekommen", esou de Walter Druckenmüller.
Am Moment gëtt d'Kanalisatioun an den Drainage tëschent béide Fuerbunnen nei gemaach. No der Wanterpaus, wärend där och all véier Spueren erëm zur Verfügung stinn, fänken dann déi eigentlech Aarbechten un. Da ginn déi éischt siwe Kilometer vun dëser Autobunn vu Grond op sanéiert. Dass sech de Chantier esou an d'Längt zitt, huet och mam Verkéierskonzept ze dinn: "Das ist immer die Wahl. Entweder bauen Sie sehr schnell, das geht natürlich zu Lasten der Verkehrsqualität. Oder Sie geben dem Verkehr den Vorrang, und dadurch dauert das Bauen etwas länger."
Bis Enn 2025 soll den éischten Tronçon komplett fäerdeg sinn. Fréistens 2026 gëtt dann d'Grenzbréck iwwert d'Sauer an Ugrëff geholl. Och dat wär esouwuel ingénieurs- wéi verkéierstechnesch eng grouss Erausfuerderung.