Virun enger décker Woch gouf de Projet 7985 am Mémorial publizéiert an d'Gesetz ass a Kraaft getrueden.

D'Notze vum Handy um Steier kascht elo 4, amplaz wéi bis ewell 2 Punkten. Wann den Avis vum Staatsrot bis virläit geet dann och de Protokoll vun 145 op 250 € erop.
Do kommen Ännerunge beim Depistage vun Drogen an d'elektronesch Kommunikatioun tëscht de verschiddenen Acteure gëtt verbessert.

Parallel gëtt et Changementer a punkto Immatrikulatioun. D'Plackennummer leeft net méi op d'Gefier, mä op d'Persoun.

D'Reservatioun vun enger personaliséierter Nummer kascht elo 4 mol méi, nämlech 200€ an déi Reservatioun leeft just nach ee Joer laang, wa kee Gefier ugemellt ass.

D'Waardelëscht fir Placke mat 4 Ziffere gouf ofgeschaaft.