Den Ausbau vun der A3 kënnt gutt virun
Bis Enn vum Joer wäert ee kënnen iwwer 3 Spueren tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem fueren.
Dann ass den éischte vun am ganzen fënnef Deeler fäerdeg gebaut. Bis 2030 dauert den Ausbau vun der Diddelenger Autobunn. Bis ewell lafen d'Aarbechten am Delai.
Am Kader vum Ausbau vun der A3 gouf och eng parlamentaresch Fro gestallt:
Bis 2030 wäert et daueren, bis de komplette Chantier eriwwer ass, deen dann aacht Joer laang gedauert hätt, bis dohinner ginn et natierlech Tëschenetappen: sou sollen zum Beispill d'Aarbechten op der Bréck zu Léiweng bis de Kollektivcongé d'nächst Joer ofgeschloss ginn, de Chantier tëscht der Aire de Berchem an dem Gaasperecher Kräiz soll iwwerdeem am Fréijoer ewell op en Enn kommen.
Dëst Joer da sollen och d'Aarbechte fir eng Passerell fir Cyclisten a Foussgänger beim Beetebuerger Parc ufänken.
Och op franséischer Säit gëtt dru geschafft, datt de Flux vum Trafic méi effikass a séier soll lafen, wëll och op där Säit vun der Grenz d'Autobunn soll op 3 Spueren ausgebaut ginn. Fir de Contournement vun der A31 soll iwwerdeem e Peage gëllen.
D'franséisch Stroossebau-Projeten un der Lëtzebuerger Grenz gi mat 20 Milliounen Euro chiffréiert, wouvunner de Grand-Duché d'Hallschent bäileet. Bei franséischen Zuchchantieren investéiert de Lëtzebuerger Staat eng 220 Milliounen, wat och d'Hallschent vum globale Budget duerstellt.
Zil ass et, datt an Zukunft tëscht Diddenuewen an der Stater Gare sollen 10 Zich d'Stonn an all Direktioun fueren, dorënner een TGV.
Dës Informatioune liwwert d'DP-Mobilitéitsministesch Backes op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierten Di Bartolomeo a Cruchten.