D'Zukunft vum Tram an der Stad, respektiv wéi eng nei Linne solle gebaut ginn, ass politesch nees héich gekacht ginn.

D'Stad Lëtzebuerg huet nämlech dës Woch d'Linn Stäreplaz - Cloche d'Or als Prioritéit bis 2035 deklaréiert an d'Streck iwwert d'Neipuertsgaass an de Boulevard Royal op Äis geluecht. Déi Gréng hunn dowéinst e Freideg kuerzfristeg op eng Pressekonferenz agelueden, fir hirem Ierger Loft ze maachen.

Déi Gréng kritiséiere Stopp vun Tramslinn iwwer Neipuertsgaass

Fir de fréiere Mobilitéitsminister, de gréngen Deputéierte François Bausch, wier et e risege Feeler, wann den Tram an der Uewerstad, dem Knuet vun all de Linnen, net entlaascht gëtt. Engersäits gëtt den Takt tëscht de Passagë vum Tram doduerch an d'Längt gezunn, wann nei Linne bei de Reseau bäikommen. Leit, déi aus dem Westen an d'Stad kommen, missten och zwee Mol ëmsteigen, fir op de Kierchbierg ze kommen an Zäit verléiere par rapport zu haut.

Et kéim einfach zu "Tramstau". Well wann nei Linne bäikommen, da géingen ëmmer méi Trammen iwwert déi selwecht Gleiser musse fueren, wat onvermeidlech zu engem sougenannten "Flaschenhals" géing féieren, genee ewéi fréier mat de Busser. De fréiere Minister huet och verséchert, datt eng Streck iwwert d'Neipuertsgaass absolut "machbar" wier an et entspriechend Etüde géing ginn. Fir de François Bausch wier et eng Fro vum politesche Choix.

Den designéierten neien Direkter vu Luxtram, den Helge Dorstewitz, deen huet eis zwar en Interview accordéiert, mee virop op eng Pressekonferenz no der Ouschtervakanz higewisen. Do géing zesumme mam Mobilitéitsministère, deen zwee Drëttel vun de Parte bei Luxtram huet a mat der Stad Lëtzebuerg, déi een Drëttel vun de Parten huet, Detailer an Erklärunge ginn, firwat d'Linn iwwert d'Neipuertsgaass net als Prioritéit zeréckbehale gouf.

Den Helge Dorstewitz sot awer schonn: den Tram ouni Neipuertsgaass, dat wier "net problematesch". D'Pläng vun engem ëffentlechen Transportreseau gi grondsätzlech op de Stréim vun de Leit entwéckelt. Op där Basis ass d'Prioritéit op eng zousätzlech Tramslinn tëscht der Stäreplaz an der Cloche d'Or gesat ginn. D'Kritik vun déi Gréng, datt ouni déi nei Linn duerch d'Neipuertsgaass den Takt tëscht zwee Passagë vum Tram méi laang gëtt, wann nei Linnen dobäi kommen, déi huet den Direkter vu Luxtram net gëlle gelooss. Hie garantéiert, datt fir Luxtram d'Qualitéit dee wichtegste Punkt wier an déi géing sech duerch d'Pläng net verschlechteren.

Op d'Remark, datt d'Linn iwwert d'Neipuertsgaass am nationale Mobilitéitsplang seet, dorobber huet den Helge Dorstewitz geäntwert, datt eng Rei aner Optiounen och an deem Plang stinn. Bei all deenen Optiounen, déi et ginn, misst ee sech d'Fro stellen, wéini déi kënnen a Realitéit ëmgesat ginn. Et kéint een och net alles op ee Coup maachen. Wat d'zukünfteg Linn Stäreplaz bis bei den CHL zu Stroossen ugeet, déi wier op kee Fall vum Dësch. Et misst een awer den anere grousse Projeten op der Areler Strooss Rechnung droen, ewéi de Bau vum neie Centre Hospitalier oder natierlech den neie Quartier op der Stäreplaz selwer.

Déi Gréng verdächtegen déi nei Regierung, den Ausbau vum Tram bewosst wëllen ze retardéieren, fir esou ze spueren. D'Linn Stäreplaz - Cloche d'Or iwwert d'Escher Strooss, dat wier nämlech der Oppositiounspartei no däitlech méi komplizéiert. Et géingen och nach keng Etüde virleien dofir an eng Rei Wunnprojeten op där Achs wieren nach net emol duerch de Stater Gemengerot.