7 Méint no der Aweiung ass se nach ëmmer net aktiv

Mat Pomp a Ministere gouf am Hierscht d'Waasserstoff-Tankstatioun am Beetebuerger Eurohub ageweit. 7 Méint duerno ass nach keen Hydrogène do getankt ginn.
Wéi 3 Ministeren den LSAP-Deputéierten Delcourt a Cruchten confirméieren, wieren nach ëmmer Ravitaillementstester amgaangen an et gëtt op d'Zertifikatioun dëse Mount gewaart, bis datt d'Statioun ka fir de Public opgoen. Beruff gëtt sech op Informatioune vum Gerant vun der Hydrogène-Anlag, déi op en Invest vun 3 Millioune geschat gi war.
Aktuell sinn dann och eréischt 4 Gefierer am Land ugemellt, déi mat Waasserstoff fueren, an dat trotz, datt et e Subside fir dës Ween an Héicht vun 8.000 Euro gëtt.
D'Regierung setzt dann och weider op den Ausbau vum Hydrogène-Reseau, wou Lëtzebuerg eng strategesch Roll op der europäescher Kaart soll spillen. Sou soll och hei am Land Waasserstoff produzéiert ginn - un entspriechenden Appels d'offres gëtt de Ministeren no geschafft.
PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Yves Cruchten a Claire Delcourt