Déi Gréng wëlle mat Mythe ronderëm den Tram opraumen
D'Tramsstreck duerch d'Neipuertsgaass wier néideg, fir z'evitéieren, dass de Reseau tëscht dem Hamilius an der Stäreplaz iwwerlaascht gëtt.
Weider huet et e Freideg op der Pressekonferenz vun déi Gréng geheescht, dass et déi nei Streck bräicht, fir den Takt op den Niewen-Achsen ze reduzéieren.
Déi Gréng hate vum Mobilitéitsministère a vu Luxtram alleguer d'Etüde gefrot, déi et iwwert den Ausbau op där Streck gëtt. De fréiere Bauten- an Transportminister François Bausch huet dës analyséiert a kënnt zu der Conclusioun, dass den Tram duerchaus duerch d'Neipuertsgaass fuere kann. E kéint nämlech d'Kéier no Riets op de Boulevard Royal maachen. Och de grénge Parteipresident Meris Sehovic kënnt zu dëser Conclusioun.
Technesch wier et absolut méiglech, och ouni duerch de Park ze fueren oder Beem mussen ewechzemaachen, esou d'Conclusioun vun der Partei. Et géifen deels esouguer nach nei Beem dobäi geplanzt.
Eenzeg Konditioun wier, dass een e Kompromëss zu Gonschte vum ëffentlechen Transport a géint den Auto géif maachen an den Autosverkéier iwwert aner Achsen an d'Stad géif leeden. Dat Ganzt wier eng Saach vu politeschem Wëllen. Eng Decisioun, déi éischter net op de Kont vun der Yuriko Backes, mä op dee vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer géing, déi wuel bis d'nächst Wale kee gréissere Chantier an der Stad wéilt hunn, sou de fréieren Transportminister.
Optimal wier et, eng Porte Neuve ouni Bus-Arrêt ze maachen, deen ee jo u sech net bräicht, sou den Ex-Minister, deen d’Stad an der Responsabilitéit fir eng Vëlospist op där Plaz gesäit.

© RTL