Enn Juni lafen d'Primmen op Elektroautoen aus. Den Ament gëtt vill gerechent. Ma et schéngt kloer, datt d'Regierung net méi de selwechte Budget huet.

"Se ginn erof. Et ass och eng Saach vu Moyenen, wou de Staat huet. Et ass net, dass se net méi wëllen eppes ginn, mee se mussen och mat hirem Budget kucken. Dat ass sécher. Dat heescht, déi Primme gi sécher erof. Et kann och sinn, dass se anescht verdeelt ginn. Mee si bleiwen awer bestoen. An dat ass virun allem wichteg. Dat ass de wichtege Message, dass d'Primme bestoe bleiwen. Mir gleewen nach ëmmer un d'Elektromobilitéit. Mir wëllen dat nach ëmmer ënnerstëtzen, mee mir musse kucken, wéi mer mat eise Moyenen eens ginn, fir dat ze maachen", sou de Spriecher vum "House of Automobile", de Gerry Wagner, am RTL Interview.

RTL-Informatiounen no kéint de Budget bis zu 50 % gekierzt ginn. Am Raum steet den Ament, ob déi aktuell Primmen Enn Juni auslafe gelooss ginn, oder ob se awer nach eng lescht Kéier ëm 3 Méint verlängert géifen. Diskutéiert gëtt den Ament och weider, ob d'Regierung eng konkret Fuerderung vum Secteur zeréckbehält.

Nei Primmen op Occasioun-Elektroautoen auszebezuelen

"D'Präisser sinn elo hei zu Lëtzebuerg, fir Lëtzebuerg e bëssen héich. An dofir ginn déi meescht Autoen, déi zeréck kommen, déi ginn an d'Ausland, well do nach Marchéë sinn, déi vläicht och opgrond vun hirer Primme-Situatioun méi interessant sinn, fir do d'Autoen ze verkafen. Mä da bleiwen d'Autoen net am Land. An dann hu mer e Problem och mam PNEC, mat den Objektiven, mir mussen an de Park kréien, mir mussen am Park halen. An dofir ass och eise Message, fir ze soen: 'Mir mussen eppes maachen, fir dass déi Autoen och hei bleiwen.' Mir missten do en Deel vun de Primmen, en Deel vum Budget misste mer huele fir Occasiounsautoen, fir rezent Occasiounsautoen, déi och hei kaaft gi sinn, déi hei bleiwen. Net, dass mer och en Tourismus kréie fir dat Ganzt. An an anengems ass dat och eng gewësse sozial Komponent. Well am Moment, wie keeft Elektroautoen?"

Am Ufank waren et Leit, déi sech fir d'Technologie interesséiert hunn, déi ëmweltbewosst, déi déi d'Moyenen hunn. Attraktiv Occasioune kéinten e Segment ginn, wou nei, interesséiert privat Clienten Accès zu qualitativ gudden Elektroautoe kréien, sou de Gerry Wagner.

De Spriecher vun der Lëtzebuerger Automobil-Branche hält och fest, datt den Ament vill Leit e bësse verluer sinn. Ob Bensinner, Diesel oder Elektroauto? Kafen oder Leasen? Froen, déi d'Leit beschäftegen, et geet ëmmerhin drëm, vill Geld an en neit Gefier z'investéieren. Dat op engem Moment, wou de ganze Marché e Changement erlieft, wéi ni virdrun.

"Se musse wierklech ëmdenken. Si mussen iwwerleeën, wéi ass et dann elo? Wéi ass elo d'Realitéit? Wat stëmmt vun deem, wat ech héieren? Wat ass, wat mäin Noper do mir zielt? Wéi richteg ass dat? Wéi richteg ass dat, wat d'Politiker mer zielen? Dat heescht, et ass vill méi en ëmstriddenen Marché, vill méi komplizéiert ginn op jiddwerfalls", sou de Gerry Wagner.

Den Ament ass ee vu véier Autoen, déi nei hei zu Lëtzebuerg ugemellt ginn, en Elektroauto. D'Majoritéit vun deene leeft iwwer Leasing, wou nees emol ronn 75% op de Konto vun Entreprisë ginn.