Lëtzebuerger Alternativ zu "Uber"

© Domingos Oliveira
Lëtzebuerg huet zwee weider Taxi-Provider: engersäits déi international Online-Fuerdéngscht-Plattform "Uber", anerersäits d'App "LetzRide".
RTL-News: Uber-WEBTAXI-Gefierer zanter en Dënschdeg de Moien ënnerwee
Iwwert d’App vun "Uber" kënnen d’Clienten hiren Trajet bestellen a wëssen am Virfeld, wat et kascht. An och déi Lëtzebuerger App "LetzRide" wëllt hiren Deel vum Kuch.
Zanter en Dënschdeg mécht dann eben och nach eng reng Lëtzebuerger App Konkurrenz: "LetzRide" vun de Busentreprisë Sales Lentz, Demy Schandler a Josy Clement. Och si setzt op professionell Chaufferen, ass awer anescht wéi Uber keng oppe Plattform, wou sech all Professionellen als Chauffer androe kann.
De Lëtzebuerger Pendant versprécht, méi bëlleg ze sinn ewéi den internationale Konkurrent. An enger éischter Phas kënne Clientë sougenannte "Shared Rides" buchen, wou een den Trajet mat bis zu 7 anere Clienten deelt. Dat soll de Präis niddreg halen an den Trafic op de Stroossen entlaaschten. An enger zweeter Phas wëll een och individuell Touren ubidden an do mat engem nationalen Taxisoperateur zesummeschaffen. Dat soll am Laf vun der Woch annoncéiert an dann och als Service disponibel sinn.