Cargolux-Maschinn muss 50 Tonne Kerosin ofloossen
Eng zivil Fracht-Maschinn huet iwwert der Pfalz an dem Saarland ronn 50 Tonne Kerosin ofgelooss. Wéi et heescht, gouf et en technesche Problem.
Eng Boeing 747-4R7F huet beim Start zu Lëtzebuerg e Schued un enger Turbinn gemellt an huet du missen zeréck, esou déi däitsch Fluch-Sécherheet (DFS). Eigentlech war de Fliger ënnerwee op Johannesburg. Aus Sécherheetsgrënn wieren dunn e Mëttwoch nom Virfall ronn 50 Tonne Kerosin an enger Héicht tëscht 4,3 a 5,5 Kilometer ofgelooss ginn, sou déi regional Medien an Däitschland.
Tëscht 7 an 8 Auer en Donneschdeg de Moien ass d'Maschinn zwou Schläifen iwwert der Pfalz an dem Saarland geflunn. Wou genee de Kerosin ofgelooss gouf, ass net gewosst.
Fligere loossen an Noutfäll Kerosin of, fir sou mat manner Gewiicht ze landen. Virun allem am Süde vu Rheinland-Pfalz gëtt dës Praktik - déi als "Fuel Dumping" bezeechent gëtt - méi dacks bei Noutfäll ugewannt. E Grond, wisou et hei zu sou ville Fäll kënnt, dierft wuel de Frankfurter Fluchhafe sinn, deen net wäit ewech ass.
An de meeschte Fäll verursaacht d'Ofloosse vu Kerosin iwwregens absolut keng, bis quasi keng moossbar Schied fir d'Ëmwelt, esou d'Wëssenschaft.
