Déi éischt Vacanciere si schonn ënnerwee, ma sou richteg ongemittlech op den Autobunne soll et da vum 12. Juli u ginn.

De Vakanzentrafic soll deen nächste Weekend sou richteg lassgoen, heescht et vum ADAC zu München. Um Weekend vum 12. bis 14. Juli fänkt an néng Bundeslänner d'Summervakanz un, nieft verschidden Deeler an Holland a wéi och de Gros vun den nordeuropäesche Länner, sou och hei am Land.

Wien also schonn dëse Weekend plangt, an d'Vakanz ze fueren, dee sollt sech wuel besser iwwerleeën, wéini e fortfiert a wouriwwer.

Aus Nordrhein-Westfalen rullt deen nächste Weekend schonn déi zweet Reeswell a Richtung Süden, munch däitsche Vacancier ass do dann och schonn um Heemwee. Donieft ass dann och nees bessert Wieder annoncéiert, wat deen Ament och vill Leit fir Dagesausflich erauszitt.

Ma net just a Richtung Mier sollen d'Stroossen zou sinn, Staugefor besteet och a Richtung Bierger a Séien.

Am meeschte Stau seet den ADAC fir e Freidegnomëtteg viraus, e Samschdeg am Virmëtteg an dann nees sonndesnomëttes. Wie flexibel ass, sollt entweder op alternativ Strecken oder besser nach op alternativ Deeg auswäichen. Recommandéiert si Reesen um Dënschdeg, Mëttwoch an Donneschdeg.

Enkpäss an Direktioun Süde ginn deemno op der Tauern-, Fernpass-, Inntal-, Brenner-, Phyrn- an op der Gotthardroute erwaart, souwéi sämtlechen Autobunnen un d'italieenesch, franséisch oder kroatesch Küst. Ma och a Richtung Skandinavien dierft méi lass si wéi soss.

Wichteg: An Éisträich ass den Arlbergtunnel gespaart, donieft ass d'Autobunn 13 an der Schwäiz no schroe Wiederen och nach deels gespaart an dobäi kommen nach d'Grenzkontrolle wéinst der EM. Fir d'Finall gëtt dowéinst besonnesch zu Berlin mat massivem Undrang gerechent, dat souwuel op de Stroosse wéi och am ëffentlechen Transport.