Eng 10.000 Gefierer wäerten all Dag iwwert d'Transversale vu Clierf fueren, déi e Méindeg ageweit gouf an elo fir den Trafic op ass.

D'Nationale 90, wéi d'Strooss offiziell heescht, soll Clierf virun allem vum Camionstrafic, deen an d'Industriezone Lenzweiler fiert, entlaaschten. Et ass ee Projet, op deen d'Leit aus der Regioun laang gewaart hunn. A lo, wou de Chantier no déck 10 Joer op een Enn komm ass, steet den Ëmbau vun der Clierfer Haaptstrooss an de Startlächer. De Marc Hoscheid war bei der Inauguratioun vun der Transversale derbäi.

Et war kuerz viru 17 Auer mëttes, wéi déi éischt Gefierer iwwert deen neien Deel vun der Transversale gefuer sinn. Dëst Stéck ass 1,7 Kilometer laang a verbënnt de Rond-point tëscht Reiler an Ischpelt mam Rond-point um nërdlechen Enn vu Clierf. Zu deem Stéck gehéieren eng 85 Meter laang Bréck iwwert den Olegrëndchen an een 155 Meter laange Viaduc iwwer d'Clierf. Scho virun zwee Joer war deen éischten 2 Kilometer laangen Deel vun der Transversale tëscht dem Kreesverkéier zu Maarnech an deem tëscht Reiler an Ischpelt opgaangen. Och wann d'Zefriddenheet elo grouss ass, de Bau vun der Strooss huet déck 10 Joer gedauert a gouf mat 73 Milliounen Euro méi wéi duebel esou deier, wéi uganks geplangt. Firwat iwwerhaapt? De Marc Ries, Chef de division de la voirie de Diekirch bei Ponts et chaussées erkläert:

"Jo, mir hu lo 10 Joer laang un deem Projet gebaut. Et muss een och wëssen, wann déi éischt Devisen opgestallt ginn, dat ass nach méi wäit do virdrun, do hate mer nach ganz aner Indexen, do hu mer nach vu ganz anere Präisser geschwat. Natierlech ginn d'Präisser iwwert d'Durée vun esou engem Projet an d'Luucht. Mir haten eng eemoleg Situatioun mat Corona, dono den Ukrain-Krich, wat natierlech och d'Liwwerketten duerchernee bruecht huet, wou d'Präisser geklomme sinn, wou d'Matières premières méi deier gi sinn."

Transversale vu Clierf / Reportage Marc Hoscheid

Fir déi blo Mobilitéitsministesch Yuriko Backes, déi de Projet vun hirem Virgänger François Bausch geierft huet, ass nach Loft no uewen, wat Imprevuen ugeet:

"Ech mengen do kann ee sech verbesseren. Et stéisst een natierlech ëmmer op Imprevuen, Saachen, déi net virgesi waren. Deem muss een dann och Rechnung droen. Dat heescht, dat ass eng Realitéit, mat där ee scho muss schaffen. Mee ech mengen, wou ee wierklech muss probéieren, datt een an den Delaie bleift, wann et nëmme méiglech ass, an och d'Budgete respektéiert, dat ass op alle Fall den Usaz."

Och de laangjärege Buergermeeschter a mëttlerweil 1. Schäffe vu Clierf, Emile Eicher, hätt näischt dogéint, wann esou Projeten an Zukunft méi séier fäerdeg wieren. Dat net nëmme mam Bléck no hannen. Well no der Ouverture vun der Transversale wäerten elo d'Aarbechten un der Duerchfaart vu Clierf ufänken.

"Dat gëtt a verschiddenen Etappe gemaach. Déi éischt Etapp ass effektiv elo vum Altersheim erof bis ënnen op d'Plaz. Do muss ugefaange ginn am September. Da gëtt dee ganze Parkraum ëmgestallt, fir ee bëssi méi schéinen Accueil fir Clierf ze kréien. Deen Deel, deen eis warscheinlech am meeschten Aarbecht wäert maachen, ass den Duerchgang vu Clierf, also d'Haaptstrooss, well do Geschäfter sinn, op déi ee muss Récksiicht huelen."

Mat enger Längt vun 265 Meter an enger duerchschnëttlecher Héicht vun 30 Meter ass de Viaduc Irbich dat gréisste Bauwierk vun der Transversale. Wéinst de geologesche Begebenheete huet d'Bréck missen zousätzlech stabiliséiert ginn. Op den Éisleker Comptoiren hält sech zudeem d'Gerücht, datt sech massiv verplangt gouf. Dat dementéieren déi Responsabel awer.

"Dee Viaduc ass richteg gebaut ginn, en huet och déi richteg Héicht. Firwat si mer do an den Terrassement gaangen uewen op der Kopp, fir dee Rond-point ze bauen? Dat war net, well mer eis verplangt haten, dat war eben, well mer wollten, datt deen Ouvrage sech ganz gutt an d'Natur integréiert. Hätte mer dat vill méi héich gebaut, da géing een deen och vu Wäitem gesinn, da géing een och d'Strooss vu Wäitem iwwert d'Koppe gesinn", sou de Marc Ries.

Nodeems de Contournement elo fäerdeg ass, wäerten am September d'Aarbechte fir de Réckbau vun der Haaptstrooss vu Clierf ufänken. Dës ginn a Phasen duerchgefouert. Déi éischt gëtt vum Altersheim beim Kierfecht bis bei d'Liberatiounsplaz realiséiert. Dono gëtt et dann e bëssi méi schwiereg.

"Deen Deel, deen eis warscheinlech am meeschten Aarbecht wäert maachen, ass den Duerchgang vu Clierf, also d'Haaptstrooss, well do Geschäfter sinn, wou ee muss drop Récksiicht huelen, a wou d'Aarbechten och net sou einfach sinn, well do wierklech ganz ale System ass, wou mer deelweis mol net wëssen, wou d'Uschlëss sinn. An deen Deel, deen och nach méi komplex ass, ass dee vun der Post bis un d'Groussgaass erun, wou mer dann och eng Neigestaltung maachen, ronderëm dat neit Parkhaus", erkläert den Emile Eicher.

Virun allem d'Aarbechten an der Foussgängerzone dierfte kriddeleg ginn. Ma et ass een awer optimistesch, datt Clierf um Enn esouwuel fir d'Touriste wéi och fir d'Awunner méi liewenswäert wäert sinn.