D'Radaren op der A7 hunn an de leschte 17 Méint iwwer 65.600 mol geblëtzt. Zanter Mäerz zejoert sinn dës jo schaarf gestallt.  

Bal 48.495 mol waren et liicht Infraktiounen, wou ënner 96 Kilometer an der Stonn gemooss goufen. D'Vitesslimitt vu 90 km/h gouf also nëmme liicht iwwerschratt.

10.691 Automobiliste waren tëscht 96 an 100 km/h séier. 
4.633 haten tëscht 101 an 110 km/h um Tacho. 
1.611 ware mat tëscht 111 an 130 km/h ënnerwee.
 
205 Automobiliste waren awer ganz presséiert a mat iwwer 130 gemooss ginn. 
 
En groussen Impakt op d'Zuel vun den Accidenter op der A7 haten d'Radaren net. 

2017: 2 Accidenter mat liicht Blesséierten
2018: /
2019: 1 Accident mat schwéier Blesséierten an 2 Accidenter mat liicht Blesséierten
2020: 1 déidlechen Accident an 1 Accident mat liicht Blesséierten
2021: 1 Accident mat liicht Blesséierten
2022: /
2023: 1 Accident mat schwéier Blesséierten an 1 Accident mat liicht Blesséierten

Haaptsächlech gi Gefierer mat Lëtzebuerger Plack geblëtzt

Da gouf nach gefrot, wéi d'Opdeelung vun de festgestallten Infraktiounen ass, bezunn op d'Immatrikulatiounen. Hei ass et d'Info, dass an 68% vun de Fäll d'Gefierer zu Lëtzebuerg immatrikuléiert waren, respektiv an 32% am Ausland.

Dës Detailer liwwert de Mobilitéitsministere op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Ben Polidori.