Op der Héicht vum RadarVéier Autoe sinn e Freideg de Moien op der N8 zu Recken accidentéiert

Andy Brücker
Den Accident hat an de Moiessstonne fir Stau op där Plaz gesuergt.
Déi wäiss Camionnette ass vu Ponts et chaussées a war net an den Accident verwéckelt. De véierten Auto war den Ament wou déi Foto gemaach gouf, scho fort.
Déi wäiss Camionnette ass vu Ponts et chaussées a war net an den Accident verwéckelt. De véierten Auto war den Ament wou déi Foto gemaach gouf, scho fort.
© Domingos Oliveira

Accident e Freideg de Moien op der N8, Recken a Richtung Miersch. Op der Héicht vum Radar waren direkt 4 Autoen, een deem aneren hannendrop gerannt.

Éischten Informatioune vun der Plaz no gouf kee verwonnt. Den Accident hat am Moiestrafic awer natierlech vir Perturbatioune gesuergt. Ronn 2,5km Stau waren op där Plaz zesummekomm, well eng Spuer gespaart war. De Stau ass zeréck gaange bis op Bruch.

Et huet geheescht d'Onglécksplaz gutt ofzesécheren, well duerch den Niwwel war d'Siicht net déi Bescht.
Et huet geheescht d'Onglécksplaz gutt ofzesécheren, well duerch den Niwwel war d'Siicht net déi Bescht.
© Domingos Oliveira

Back to Top
CIM LOGO