Och wann et an Däitschland a Frankräich gréisser Ännerunge ginn, wat d'Notze vu Wanterpneue betrëfft, esou wäert et zu Lëtzebuerg beim Status quo bleiwen.

Zu Lëtzebuerg ass eben net geplangt, datt de Code de la Route am Sënn vun der Wanterpneue geännert gëtt, esou d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt.