Zejoert goufen et am Grand-Duché offiziell 1.101 Stroossenaccidenter mat kierperlechem Schued.

26 Leit si gestuerwen. U si gouf um Samschdeg am Kader vun der Gedenkzeremonie vun der Association des Victimes de la Route geduecht. Awer net nëmmen u Si. Well nieft den Doudegen, a schwéier blesséierte Verkéiersaffer, goufen der och honnerten nëmme liicht blesséiert oder guer net. "Guer net" wier allerdéngs falsch ze soen, mengt d’Carine Nickels, déi nei Presidentin vun der AVR. Well all Verkéiersaccident géif Spueren hannerloossen, Ängscht an Erënnerungen. Ob ee selwer dobäi war oder déi Concernéiert just kennt. D’Carine Nickels, déi zënter engem Autosaccident un de Rollstull gebonnen ass, appelléiert dofir un jiddereen, sech un de Code de la Route ze halen, an opzepassen am Verkéier.
 
Carine Nickels:"D'Liewen ass kee Spill. Mir sinn net op engem Playstation-Spill wou ee ka Restart drécken. Dat gëtt et leider net. Ech weess, en Accident ass per Definitioun net eppes wat ee provozéiert, mä et ass ganz ganz séier geschitt. Also einfach just oppassen op de Stroossen, sech un d'Reegelen halen, oppassen net ze séier ze fueren." 

No hirem Accident 2012 hunn d’Carine Nickels an hir Famill bei der AVR séier Hëllef an Ënnerstëtzung an der schwéierer Zäit fonnt. Zënter 4 Méint ass si déi nei Presidentin. Vun enger Associatioun, déi sech ganz nei opgestallt huet, nodeems vill Leit aus dem Conseil an der Ekipp demissionéiert haten. Et wier wouer, dass duerch déi Transitioun, d’Aarbechtsofleef rezent net adequat gelaf wieren an nei Verkéiersaffer dofir mol méi laang op Hëllef hätte misse waarden. Dat seet den neie Chargé de direction vun der AVR, de Michaël Federici.
 
Michaël Federici:"Et ass relativ séier gaangen, datt déi Leit beieneen, fir verschidde Grënn, privat decidéiert hunn ze goen. An effektiv, bis een astellt, dauert dat ëmmer e bëssen. Ech si selwer vum Verwaltungsrot elo zeréckgetrueden, fir als Chargé eranzekommen. Dat hëlt seng Zäit, dat si 4-5 Méint, déi esou lala waren. Mir kucken elo fir déi Aarbecht zeréckzehuelen an déi Leit si scho kontaktéiert ginn. An dat wäert an nächster Zäit besser goen." 
 
130 Leit hunn zejoert bei der AVR no Ënnerstëtzung gefrot. Et goufe scho Joren, do wieren nach méi Victimmen oder hiren Entourage un d’Associatioun erugetrueden, sou de Michaël Federici. D’Hëllef géif also "leider" gebraucht ginn. Leider, well dat bedeit, dass et ëmmer nach vill Verkéiersaffer ginn.