Nach net kloer, wéini d'Aarbechte kënnen ufänken

© Domingos Oliveira (Archiv)
Et wier e komplexe Projet, an dee vill Acteuren involvéiert sinn, präziséiert d'Mobilitéitsministesch.
Nach ass net gewosst, wéini d'Aarbechten um Contournement Alzeng-Hesper kënnen ufänken. D'Etüde lafen an de Projet de loi fir de Finanzement vum Projet soll nächst Joer an der Chamber deposéiert ginn. Dat präziséiert d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de Gréngen.
Wéinst der Komplexitéit vum Projet an de villen Acteuren, déi involvéiert sinn, wier et awer eben nach net méiglech, ze soen, wéini konkret d'Aarbechten ufänken. Ënnert anerem d'Ëmweltetüde géifen nach lafen. D'DP-Ministesch betount dann nach, datt d'Mobilité douce weider eng Prioritéit an der Elaboratioun vum Contournement bleift. Laanscht den Tracé soll eng Vëlospiste amenagéiert ginn, déi dann och un aner Vëlospiste soll ugebonne ginn.