Tipps vum ACL fir eng besser Reechwäit mam Elektroauto
Kuerz virum Autosfestival stellt sech esou muncher een d’Fro: Verbrenner, oder awer Elektro? Besonnesch de Wanter huet hei en Impakt op d’Batterie.
D’Reechwäit vun Elektroautoe geet bei Keelt däitlech erof. Bei Temperaturen ënnert dem Gefréierpunkt verléiert een dacks tëscht 10 an 30 Prozent Reechwäit. Bei Minus 10 Grad kënne souguer bis zu 40 Prozent verluer goen.
Wéi de Frank Maas vum ACL erkläert, wier et esou, "dass d’Traktiounsbatterie op enger gewëssener Betribstemperatur muss sinn, an den Habitacle am Auto och muss opgehëtzt ginn. Déi Energie gëtt ëmmer aus der eegener Batterie geholl an duerfir geet d’Autonomie och erof."
Eng weider Erausfuerderung am Wanter ass de Stroumverbrauch vun der Heizung. Dës ka vill Energie verbrauchen, zum Deel bis zu 20 Prozent vun der Kapazitéit vun der Batterie.
Net nëmme geet d'Reechwäit erof, ma och d'Zäit, déi ee fir ze luede brauch, gëtt am Wanter méi laang. Wann d’Batterie kal ass, luet se méi lues, besonnesch op Schnellluedstatiounen. Hei ginn et Abousse vu bis zu 50 Prozent bei der Leeschtung, bis d’Batterie sech opgewiermt huet.
Dem Frank Maas no, ginn et awer e puer Léisungen, fir dës Probleemer ze limitéieren:
"Et muss ee wëssen, dass d’Traktiounsbatterie op enger gewësser Betribstemperatur muss sinn. An dat kann een esou maachen, dass een u sech den Auto um Stecker hänke léisst an e sou programméiert, dass ee virun enger hallwer Stonn, wou ee fiert, dann d’Batterie virwiermt. Dat selwecht gëllt och fir den Habitacle vum Auto, dat heescht et kann een och scho virwiermen, iwwert d’Netz. Déi Energie huet een herno méi an och automatesch déi Autonomie méi."
Am Wanter ginn et iwwregens genau esou vill Depannage beim E-Auto ewéi beim klassesche Verbrenner.