
Wéi d’CFL an engem Schreiwes matdeelen, gëtt an der Ouschtervakanz, also tëscht dem 28. Mäerz an dem 12. Abrëll, op verschiddene Strecke geschafft. Betraff sinn d’Linnen Stad - Esch - Rodange, Stad - Ettelbréck - Ëlwen - Gouvy a Stad - Klengbetten - Arel. Am Schreiwes heescht et och, datt een esou grouss Aarbechten zu deenen Zäite mécht, wou déi mannste Leit zirkuléieren, also an dësem Fall an der Vakanz. D’Lëtzebuerger Bunn präziséiert dann och nach, datt Ersatzbusser op der Streck agesat ginn an déi d’Buslinne vum RGTR an TICE ergänzen.
All d’Detailer an d’Horaire fënnt een um Site vun den CFL. Déi national Bunn réit hire Clienten dann och, wéinst dësen Aarbechten 10 Minutte bis eng Véierelstonn méi Trajet anzeplangen.