Europäeschen AutomobilmarchéDen Undeel un Elektromobilitéit hëlt zou

Joel Detaille
Bal 19% vum europäesche Fuerpark ass elektresch.
Europa: Den Undeel un Elektromobilitéit hëlt zou
An engem insgesamt relativ schwaachen Ëmfeld, sinn zanter dem Joresufank vergläichsweis vill Elektroautoen ugemellt ginn.

Den Undeel un der Elektromobilitéit am europäesche Fuerpark hëlt zou. An engem insgesamt relativ schwaachen Ëmfeld, sinn zanter dem Joresufank vergläichsweis vill Elektroautoen ugemellt ginn. Mëttlerweil sinn et 18,8% vun allen Autoen. Am Verglach, Bensinn (22,5%) an Diesel (8,1%) maache just nach ingesamt 30,6% aus, 48,5% sinn Hybrid-Modeller, dorënner 9,8% Plug-In-Hybriden.

© ACEA

Dat deelt den europäeschen Produzente-Verband ACEA um Dënschdeg mat.

Am Laf vum Februar hunn déi grouss Marchéen Däitschland, Spuenien an Italien zougeluecht. A Frankräich dogéint sinn d’Nei-Umeldungen zeréckgaangen.

Leader um europäesche Marché bleift weiderhi VW, mä de gréisste Plus un der Part-de-Marché verbucht ewell Stellantis.

© ACEA

De Bléck reng op de Lëtzebuerger Marché

Hei goufen am Laf vum Februar genee 4.400 Autoen nei ugemellt. 1.564 dovu mat Mild-Hybrid-Motor, 272 Plug-In-Hybriden, 1.022 reng E-Autoen, an 1.542 Diesel oder Bensinner.

© ACEA

PDF: Pressecommuniqué vun ACEA

Back to Top
CIM LOGO