Op der A7Aschränkungen am Tunnel Stafelter ginn nees opgehuewen

Pit Everling
Wéi Ponts et Chaussées e Méindeg an engem Communiqué matdeelen, wäerten d'Aschränkungen am Tunnel Stafelter an der Nuecht op en Dënschdeg nees opgehuewe ginn.
© RTL Lëtzebuerg

Zanter Enn Januar war an den Tunnelle Stafelter a Grouft op der A7 wéinst Ventilatiounsprobleemer jo jeeweils d’Iwwerhuelspuer zougemaach an d’Vitess op 70 Stonnekilometer erofgesat ginn. Wéi Ponts et Chaussées elo matdeelen, ginn an der Nuecht op en Dënschdeg dës Mesuren op d’mannst mol am Tunnel Stafelter opgehuewen.

Am Tunnel Grouft war jo e Problem mat de Ventilatore festgestallt ginn an am Tunnel Stafelter goufen d’Sécherheetsmesurë prophylaktesch och ëmgesat, well do änlech Modeller hänken. No zousätzlechen Tester an Analyse wier een elo awer zur Conclusioun komm, datt et am Tunnel Stafelter keng Beschiedegung gëtt an datt Reparaturaarbechten also just am Tunnel Grouft néideg sinn.

An den Tubë vum Grouft wier nämlech anert Material bannen an de Ventilatore verbaut. Dat si mer op Nofro hi bei Ponts et Chaussées gewuer ginn. Fir den Tunnel Grouft si sämtlech Stecker bestallt, fir kënnen un den 32 Ventilatoren ersat ze ginn.

Déi Ersatzdeeler ginn awer eréischt am Juli geliwwert an den Tunnel Grouft wäert uganks August da rëm normal fir den Trafic opgoen. Et géif sech hei net ëm Verschläiss-Stécker handelen, mä ëm d’Lafrieder vun de Ventilatoren, schreift d’Verwaltung. E kompletten Austausch vun de Ventilatoren, respektiv e Wiessel op aner Modeller géif iwwregens bedeiten, datt dat ganzt Konzept vun der Tunnel-Belëftung misst modifizéiert ginn, wat zäitopwänneg Etuden néideg géing maachen.

Ponts et Chaussées präziséieren nach, datt dat Ganzt bei Maintenance-Aarbechten opgefall ass an datt et duerch dës Ventilatoren net zu Problemer am normale Stroossentrafic koum.

Et gëtt nach matgedeelt, datt nieft de Mesurë vun der Eespueregkeet an Tempo 70 och nach d’Belëftungskonzept ugepasst gouf. Iwwer de Käschtepunkt vun de Fléckaarbechte kann am Moment iwwregens näischt gesot ginn, sou nach Ponts et Chaussées.

D’Schreiwes vu Ponts-et-chaussées fannt Dir hei

Back to Top
CIM LOGO