Innovativ Kommunikatioun am StroosseverkéierMessage verschécke via Plackennummer: App vu Lëtzebuerger gëtt zum Hit an der Belsch

Christophe Wantz
E Lëtzebuerger Webentwéckler hat viru 15 Joer d'Iddi, datt et praktesch wier, wann ee Noriichten un aner Automobilisten iwwer hir Autosplack verschécke kéint.
© Shutterstock

Dës Iddi huet hien no engem Schiaccident an d’Praxis ëmgesat, wéi hie gezwongenermoossen doheem huet misste bleiwen an Zäit hat, säi Projet unzegoen. PlateWave, seng Plattform, erlaabt et, all Plackennummer quasi an eng virtuell Bréifboîte ze verwandelen.

D’Plattform ass gratis a funktionéiert u sech ganz einfach. Dir kënnt eng Noriicht un all Automobilist schécken. D’Grënn, fir een ze kontaktéieren, kënnen dobäi déi verschiddenst sinn: vun engem “Merci” iwwer eng technesch Informatioun wéi zum Beispill, wann eng Luucht net méi funktionéiert, bis hin zu engem net esou frëndleche Message, fir den aneren Automobilist op seng Fuerweis opmierksam ze maachen. Fir datt dat Ganzt net an en chaoteschen Austausch ausaart oder als Dating-Plattform mëssbraucht gëtt, moderéiert eng kënschtlech Intelligenz d’Noriichten. De Fokus läit dorop, d’Kommunikatioun tëscht deene Leit, déi um Stroosseverkéier deelhuelen, ze verbesseren.

© platewave.be

Wéi funktionéiert d’App?

D’App PlateWave, déi vum Emmanuel, engem gebiertege Lëtzebuerger vun Hesper, entwéckelt gouf, bitt eng komplett nei Aart a Weis un, wéi d’Automobiliste matenee an Kontakt triede kënnen. Fir den Emmanuel, deen zënter e puer Joren zu Bréissel wunnt, war et vun Ufank un evident, datt de Grand-Duché eng grouss Roll a sengem Projet sollt spillen.

Ech sinn zu Lëtzebuerg opgewuess. Déi Streck tëscht Lëtzebuerg a Bréissel ass mir zanter Jore vertraut. Do war et nëmmen natierlech, datt Lëtzebuergesch eng vun de Sprooche vun der App ass an net nëmmen eng, déi spéiderhin als Iwwersetzung dobäigesat gëtt,” seet hie mat Iwwerzeegung.

D’Benotzer vun der App kënnen einfach d’Nummer vun enger Autosplack aginn, e Message formuléieren, an d’Kënschtlech Intelligenz suergt dofir, datt den Text héiflech a respektvoll formuléiert gëtt. Den Automobilist kritt d’Informatiounen iwwermëttelt an huet d’Méiglechkeet, dorop ze reagéieren. PlateWave ass zanter dem Start a véier Sproochen disponibel: Franséisch, Englesch, Hollännesch an natierlech Lëtzebuergesch, wat d’App och fir Lëtzebuerger Benotzer attraktiv mécht.

© Envato

Eng App fir all d’Persounen am Stroosseverkéier

Dës Plattform gouf net als Ventil, fir sengem Frust lasszeginn, entwéckelt, mee als Kommunikatiounsinstrument. Dat ass och de Grond, wisou se vun der kënschtlecher Intelligenz moderéiert gëtt.

D’KI iwwerhëlt d’Formulatioun vun den Noriichten, ouni d’Fakte vum Inhalt ze veränneren. Esou gëtt aus engem impulsive Message wéi “Idiot, du hues mer d’Virfaart geholl” eng méi neutral Noriicht: “Gudde Moien, well Dir beim Ofbéie kee Winker benotzt hutt, hutt Dir mech a Gefor bruecht. Merci, fir déi nächste Kéier drun ze denken.

Alles ass legal

PlateWave huet zanter sengem Start Diskussioune ronderëm seng Legalitéit ausgeléist. D’Fro ass, ob een eng Autosplack mat enger Noriicht verbannen dierf. Dem Kapp hannert der App no ass dat legal, well d’Veraarbechtung vun Autosplacken op legalem Interessi baséiert (Artikel 6.1.f vum GDPR). Dat ass en änleche legale Grond, wéi bei Applikatioune fir ze parken oder fir d’Navigatioun. PlateWave sammelt keng Daten iwwer d’Besëtzer vun de Gefierer a bitt gratis un, datt all Persoun seng eege Plack blockéiere kann.

Dëst geet ganz einfach iwwer optout@platewave.be. D’Demande ass wéi gesot gratis a gëtt direkt duerchgefouert.

Back to Top
CIM LOGO